Stroossecourse-EM a SlowenienRemco Evenepoel däerf sech endlech Europameeschter nennen

RTL Lëtzebuerg
De Belsch ass domat Nofollger vum Tadej Pogacar, deen opgrond vu senger Blessur net un den Depart goe konnt. Sëlwer geet un den Giulio Ciccone, Bronze un de Christian Scaroni.
© JURE MAKOVEC/AFP

Den Europameeschter 2026 op der Strooss heescht Remco Evenepoel. An Ofwiesenheet vum blesséierten Titelverdeedeger Tadej Pogacar huet sech de Belsch endlech deen Titel gekroopt, deen him a senger Sammlung nach gefeelt huet. Bei der WM zu Montreal a Kanada war den Evenepoel jo nees Weltmeeschter am Zäitfuere ginn.

Den neien Europameeschter huet sech am Sprint géint den Italieener Giulio Ciccone duerchgesat - dat huet eréischt de Fotofinish gewisen. Mam Christian Scaroni stoung en zweeten Italieener um Podium an duerft sech iwwer d'Bronzemedail freeën.

Mat um Depart waren och véier FSCL-Vertrieder. De Mathieu Kockelmann koum als beschte Lëtzebuerger op déi 65. Plaz, direkt virum Mats Wenzel. Si haten e Réckstand vun 18 Minutten op de Gewënner. Den Alex Kirsch a de Kevin Geniets sinn d'Course net op en Enn gefuer.

Resumé vun der Course

De Parcours huet d'Coureuren iwwer 196 Kilometer vun der sloweenescher Haaptstad Ljubljana op Šenčur geféiert. Dobäi waren 3.300 Héichtemeter ze iwwerwannen, mat fënnef Passagë vum Mozjanca. De Profil vum Circuit gouf am Virfeld mat deem vun der Clasica San Sebastian verglach, wat dem Evenepoel vläicht entgéint koum.

De Mads Pedersen, deen och zum Favorittekrees gezielt gi war, hat fréi Problemer a konnt och mat Hëllef vu senger Ekipp net méi an d'Spëtzegrupp zeréckfannen.

No vereenzelten Attacken aus dem Peloton eraus hunn den Evenepoel an den Ciccone an der zweetleschter Montée vum Mozjanca déi entscheedend Attack gesat. Den Evenepoel war dobäi an enger Kéier gefall, war awer nees séier op de Been an huet sech mam Italieener weider ofgesat.

Hannendrun huet sech eng Grupp mat 10 Coureure forméiert, dorënner och de Lokalmatador Primoz Roglic. D'Verfollger haten e maximale Réckstand vun iwwer enger Minutt, well si sech net eens goufen, wien attackéiere sollt, a well d'belsch Coureuren ëmmer nees gebremst hunn. Gold a Sëlwer waren domat verginn.

De Sprint gouf vum Ciccone an der leschter Kéier virun der Arrivée lancéiert. Den Evenepoel konnt awer nosetzen a konnt den Italieener op de leschten Zentimeter nach iwwerhuelen, fir sech um Enn iwwer d'Victoire ze freeën.

Junioren Dammen: Azzurra Ballan nei Europameeschterin, Elena Lopes verpasst Topp 10

Scho moies um 9 Auer goufen d'Juniore bei den Dammen op de Parcours geschéckt. Hei konnt sech d'Italieenerin Azzurra Ballan an engem spannenden Dräikampf géint d'Franséisin Morgane Lestrade an d'Däitsch Klara Dworatzek behaapten. Déi dräi sinn an der selwechter Zäit iwwer de wäisse Stréch gefuer.

Aus Lëtzebuerger Siicht waren d'Elena Lopes an d'June Nothum dobäi. D'Lopes huet dobäi mat hirem gudde Resultat als 12. (+1:34) erausgestach. D'Nothum koum als 55. mat knapp 8 Minutte Réckstand op d'Gewënnerin un. D'Amy Breuer, déi eigentlech och starte sollt, war net un den Depart gaangen.

D'Resultater vun de leschten Deeg

Back to Top
CIM LOGO