
Beim Tour duerch d’Lombardei ass de Remco Evenepoel op enger Bréck an eng Mauer gerannt. De Belsch huet sech doropshin iwwerschloen an ass an d’Déift gefall.
Kuerz no der Chute gouf gemellt, datt de Coureur vun Deceuninck Quick-Step uspriechbar ass, dat huet seng Ekipp e Samschdeg den Owend bestätegt. Den Evenepoel gouf an d’Klinick op Como transportéiert an do gouf e Broch vum Becken an eng Prellung vun der Long diagnostizéiert. De Belsch bleift dës Nuecht an Italien an der Klinick an da wäert hien e Sonndeg an d’Belsch geflu ginn.
No der Schlussvictoire beim Tour duerch Polen virun enger Woch war den 20 Joer ale Coureur e Samschdeg als grousse Favorit an d’Course gaangen, ma eng 45 Kilometer virun der Arrivée ass du seng schwéier Chute geschitt.

D’Victoire beim Tour duerch d’Lombardei huet sech dëst Joer de Jakob Fuglsang geséchert. Den Dän huet sech en solitaire duerchgesat.
Virun enger gudder Woch gouf et eréischt déi lescht ganz uerg Chute am Cyclissem. Beim Tour duerch Polen war de Co-Equipier vum Evenepoel Fabio Jakobsen am Massesprint ganz uerg gefall an hat sech liewensgeféierlech Blessuren zougezunn. Mëttlerweil huet sech säi Gesondheetszoustand verbessert.