Il Lombardia 2020Victoire fir Fuglsang, uerg Chute vum Evenepoel

RTL Lëtzebuerg
Beim Tour duerch d'Lombardei war d'Victoire fir de Fuglsang. De Remco Evenepoel war bei enger uerger Chute vun enger Bréck gefall.

Bei der 114. Oplag vun der Il Lombardia, dem Tour duerch d’Lombardei, enger Course iwwer ronn 231 Kilometer an Italien vu Bergamo op Como waren nieft dem Favorit Remco Evenepoel och de Ben Gastauer an de Jempy Drucker mat um Depart.

Fir de Remco Evanepoel sollt et no senger Victoire beim Tour duerch Polen allerdéngs ee Schock ginn. De Belsch hat eng Mauer vun enger Bréck ze pake kritt an ass duerno iwwert dës an d’Déift gefall. E Samschdeg den Owend huet seng Ekipp Deceuninck Quick-Step an engem Schreiwes matgedeelt, datt sech de jonke Belsch ënnert anerem de Becken gebrach huet.

D’Victoire war um Enn fir de Jakob Fuglsang, dee sech duerch eng Attack aus der Echappée duerchsetze konnt. Zweete Gouf den George Bennett, déi drëtte Plaz war fir den Alexandr Vlasov.

D’Lëtzebuerger Jempy Drucker a Ben Gastauer sinn d’Course net op en Enn gefuer.

Resultat vun der Course

1. Jakob Fuglsang DEN (Astana)
2. George Bennett NZL (Jumbo-Visma)
3. Aleksandr Vlasov RUS (Astana)

Back to Top
CIM LOGO