Tour de l'Avenir: 6. a 7. EtappSchlussvictoirë fir Isabella Holmgren a Paul Seixas

RTL Lëtzebuerg
Am Cyclissem ginn e Freideg am Tour de l'Avenir, souwuel bei den Damme wéi och bei den Hären, zwou hallef Etappe gefuer.
© AFP

Hären

An der Course en Ligne gouf et e Freideg de Moie bei den Hären ee Succès fir de Belsch Jarno Widar. D‘Lëtzebuerger haten ee schwéieren Dag bis elo. Als Beschte klasséiert sech an der Moiescourse den Arno Wallenborn op der 35. Plaz mat engem Retard vun iwwer 8 Minutten.

Leader am General ass nach ëmmer de Fransous Maxime Decomble. Beschte Lëtzebuerger ass och hei den Arno Wallenborn als 22.

Am Tour de l‘Avenir bei den Häre gouf et e Mëtteg am Contre la Montre iwwer 10,3 Kilometer ee Succès fir de Fransous Paul Seixas. Als beschte Lëtzebuerger klasséiert sech den Arno Wallenborn mat engem Retard vu 4 Minutten an 10 Sekonnen, op der 59. Platz. De Mathieu Kockelmann gouf de 60, den Alexandre Kess den 72. an den Noe Ury den 107.

De Paul Seixas spréngt mat dëser Victoire dann och op déi éischte Plaz am General an ass domadder de Schlussgewënner vun dëser Editioun vum Tour de l’Avenir. Als beschte Lëtzebuerger ass den Arno Wallenborn den 22.

Dammen

Bei den Dammen, déi déi selwecht schwéier 41,6 Kilometer e Freideg de Moien hu musse fuere wéi d‘Hären, gouf et ee Succès fir d‘Kanadierin Isabella Holmgren, déi och am General vir läit. Bescht Lëtzebuergerin war d‘Liv Wenzel op der 29. Plaz mat bal 14 Minutte Retard. Am General ass d‘Liv Wenzel och déi beschte Lëtzebuergerin, op der 34. Plaz.

De Mëtteg stoung dann e Contre la Montre vun iwwer 10,3 Kilometer um Programm. An hei hat nees d’Isabella Holmgren déi beschte Been a konnt sech d’Victoire sécher. Domadder gëtt d’Kanadierin dann och d’Schlussgewënnerin vun dëser Editioun. Bescht Lëtzebuergerin war d‘Liv Wenzel op der 41. Plaz mat engem Retard vun iwwer 6 Minutten. D‘Gwen Nothum huet sech als 54. klasséiert mat engem Retard vun iwwer 7 Minutten. D‘Marie Schreiber, ass net méi un den Depart gaangen.

Am General ass d‘Liv Wenzel op der 35. an d‘Gwen Nothum op der 57. Plaz.

Back to Top
CIM LOGO