Cyclocross-WMTitel fir Lucinda Brand, Christine Majerus op der gudder 10. Plaz

RTL Lëtzebuerg
De Weekend ginn zu Ostende an der Belsch déi nei Weltmeeschteren am Cyclocross gesicht. E Samschdeg war et schonn un den Espoiren an den Dammen-Elite.
Titel fir Lucinda Brand, Christine Majerus gutt 10.
E Samschdeg stoung bei der Cyclocross-WM zu Ostende an der Belsch d’Course vun den Dammen um Programm.

Bei den Dammen heescht d’Weltmeeschterin 2021 am Cyclocross Lucinda Brand. D’Hollännerin huet sech virun hire Landsfraen Annemarie Worst an dem Denise Betsema behaapt. D’Christine Majerus ass no enger staarker Course déi 10. ginn an hat e Reatd vun 2 Minutten an 8 Sekonnen.

Déi dräi Hollännerinnen hunn der Course hire Stempel opgedréckt, hu sech vun Ufank u vun der Konkurrenz ofgesat an den Titel ënnert sech ausgemaach. D’Féierung huet tëscht deenen dräi Coureusen ëmmer nees geännert. Um Enn vun dëser ganz schwéierer Course ass d’Decisioun am leschten Tour gefall. Déi meescht Reserven hat hei d’Lucinda Brand, déi sech zur Weltmeeschterin gekréint huet. No e puer klenge Feeler am leschte vun de fënnef Tier huet sech d’Annemarie Worst misse mat der zweeter Plaz zefridde ginn, dat mat engem Retard vun 8 Sekonnen. D’Bronzmedail huet sech d’Denise Betsema geséchert. Si hat e Retard vun 19 Sekonnen.

Eng excellent Leeschtung huet op en Neits d’Christine Majerus gewisen. D’Lëtzebuerger Champione ass eng reegelméisseg Course gefuer an ass laang ëm déi 4. Plaz matgefuer. Um Enn ass d’Christine Majerus mat engem Retard vun 2 Minutten an 8 Sekonnen als 10. iwwert d’Arrivée gefuer.

E Sonndeg iwwerdréit RTL nach d’Course vun den Hären-Elite. Vu 15.10 Auer u gëtt dës live op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu gewisen.

Espoir-Titel fir Ronhaar, Bettendorff beschte Lëtzebuerger

Virun der Dammecourse war et e Samschdeg un den Espoiren. Hei ware mam Loïc Bettendorff an dem Cédric Pries zwee Lëtzebuerger mat dobäi.

No ronn 50 Minutten huet sech den Hollänner Pim Ronhaar den Titel geséchert. Hien hat e Virsprong vun 8 Sekonnen op säi Landsmann Ryan Kamp. Bronz huet sech de Belsch Timo Kielich geséchert. Hien hat e Retard vu 14 Sekonnen.

De Loïc Bettendorff huet sech um Enn als 35. op 6 Minutten an 21 Sekonne klasséiert. Fir de Cédric Pries ass et déi 36. Plaz, dat op 6 Minutten a 24 Sekonnen.

Schreiwes vum Christine Majerus

Le circuit des championnats du monde de cyclo-cross dont le tracé comprenait de longues traversées dans le sable sur la plage de la station balnéaire d’Ostende n’augurait pas de pouvoir rêver décrocher un Top 10 pour la représentante luxembourgeoise avant le départ de la course.

En effet, Christine Majerus n’a jamais affectionné les tracés dans le sable et ce d’autant plus qu’une chute à l’entraînement hier ne l’avait pas réellement mise en confiance.

Cependant, Christine a surpris son monde aujourd’hui en se retrouvant assez rapidement aux avants-postes de la course. A l’issue du deuxième tour, elle franchit la ligne en septième position. La luxembourgeoise figure au sein d’un petit groupe de concurrentes où figure notamment la belge Sanne Cant. Elles reviendront au contact avec la championne du monde sortante Ceylin del Carmen Alvardo qui caracole alors en quatrième position.

Dans les deux derniers tours, Christine perd contact avec la cinquième place et se retrouve en neuvième position juste derrière Sanne Cant. Usée par un circuit extrêmement difficile et par une chute dans le sable dans le dernier tour, elle n’a pas la force nécessaire pour défendre sa neuvième place jusqu’à l’arrivée mais elle vient toutefois décrocher une excellente et inattendue dixième place.

Malgré le peu de courses (dix au total) dans les jambes en cette saison compliquée avec les restrictions sanitaires, Christine Majerus a démontré une fois de plus qu’elle compte toujours parmi les meilleures athlètes au plus haut rang international en cyclo-cross et qu’elle peut rivaliser avec les meilleures spécialistes de la discipline.

Ces mondiaux clôturent donc sa saison de cyclo-cross de très belle manière avant de se tourner à nouveau vers la saison route avec sa toute nouvelle formation le Team SD Worx.

Back to Top
CIM LOGO