Tour de FranceVerursaacherin vu Massechute festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Fra, déi op der 1. Etapp vum Tour de France déi uerg Chute ausgeléist hat, ass vun der Police identifizéiert a festgeholl ginn.
© RTL Télé Lëtzebuerg

Si hat e Samschdeg fir eng Massechute am Tour de France gesuergt. Déi Fra, déi op der éischter Etapp e Schëld an d’Strooss gehalen hat, konnt lo identifizéiert ginn a si koum an de Garde à vue. D’Fra huet sech der Police gestallt. Dat hu franséisch Medien e Mëttwoch gemellt.

Wéi eng Source aus dem direkten Ëmfeld vun den Ermëttler erkläert huet, soll et sech ëm eng Franséisin handelen, déi 30 Joer al ass a bis ewell der Police nach net bekannt war.

E Verhéier vun der Beschëllegter soll zu Landerneau sinn, hir Festnam soll e Mëttwoch géint 14 Auer gewiescht sinn.

De Parquet vu Brest wollt nëmme confirméieren, datt “eng Persoun an Untersuchungshaft komm ass, géint déi plausibel Grënn virleien, datt si déi hir reprochéiert Fakte begaangen huet”. Méi wëll een en Donneschdeg matdeelen.

D’Police hat e Samschdeg iwwert déi sozial Medien een Zeienopruff lancéiert. Eng Enquête wéinst Coups et blessures involontaires gouf an d’Weeër geleet, d’Spectatrice riskéiert eng Fräiheetsstrof vu bis zu dräi Méint an eng Geldstrof vu 15.000 Euro, dobäi kënnt de Reproche, datt si vun der Plaz vum Accident fortgelaf ass.

Den Tony Martin war ronn 45 Kilometer virun der Arrivée mam Plakat vun der Spectatrice kollidéiert an et war zu engem Domino-Effekt komm. Eng ganz Partie Coureuren hate sech bei der Chute deels méi uerg blesséiert. Fir de Jasha Sütterlin war d’Course eriwwer.

Quiz

*Iertemlecherweis waren am Artikel d’Commentairen am Ufank opgemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO