Um Samschdeg stoung de Start vun der 108. Editioun vum Tour de France zu Brest fir eng Selektioun vun de beschte Cycliste vun der Welt um Programm. Insgesamt stinn 21 Etappe beim Tour virun de Coureuren, wou dëst Joer jo kee Lëtzebuerger mat um Depart ass. Als grouss Favorit gëlle virum Start virun allem de Primoz Roglic an den Tadej Pogacar.
Déi éischten Etapp goung iwwer gutt 197 Kilometer vu Brest op Landerneau. Um Enn konnt sech de Weltmeeschter Julian Alaphilippe d’Victoire an domadder och de giele Maillot sécheren.
Fréi konnt sech ee Spëtzegrupp zesummesetzen, dee sech Hoffnungen op eng Victoire op der éischter Etapp gemaach hat. Ronn 85 Kilometer virun der Arrivée war et dann den Hollänner Ide Schelling, dee sech aus der Echappée léise konnt a sech eleng a Richtung Landerneau gemaach hat.
Am grousse Peloton koum ronn 45 Kilometer virun der Arrivée zu enger gréisserer Chute. Den Däitschen Tony Martin krut ee Schëld vun engem Supporter ze paken. Duerch seng Chute sinn nach eng Rëtsch weider Coureuren zu Fall koum, den Däitsche Jasha Sütterlin vun der Ekipp DSM hat esouguer missen opginn. Ee Groussdeel vun de Coureuren hat misse stoe bleiwen.
Un der Spëtzt gouf de Schelling eng eng knapp 28 Kilometer virun der Arrivée no enger ambitionéierter Course awer erëm agefaangen, esou datt sech ee grousse Grupp op déi leschte Kilometer ëm d’Victoire gemaach hat.
Kuerz virun der Arrivée, knapp 8 Kilometer virum wäisse Stréch, koum et dunn op en Neits zu enger schroer Chute. Am grousse Feld koum et zu dësem Tëschefall, bei där ee Groussdeel vum Peloton dran involvéiert war, ënnert anerem och de Chris Froome.
D’Entscheedung ëm d’Etappevictoire war an der leschter Kopp, der Côte de la Fosse aux Loups, gefall. Hei war et de Weltmeeschter Julian Alaphilippe, deen déi entscheedend Attack lancéiere konnt. De Fransous ka sech soumat och de giele Maillot vum Leader am General iwwerzéien. Zweete gouf de Michael Matthews, Drëtten de Primoz Roglic.
| 1 | ALAPHILIPPE Julian | Deceuninck - Quick Step | 120 | 100 | 4:39:05 |
| 2 | MATTHEWS Michael | Team BikeExchange | 50 | 70 | 0:08 |
| 3 | ROGLIČ Primož | Team Jumbo-Visma | 25 | 50 | ,, |
| 4 | HAIG Jack | Bahrain - Victorious | 15 | 40 | ,, |
| 5 | KELDERMAN Wilco | BORA - hansgrohe | 5 | 32 | ,, |
| 6 | POGAČAR Tadej | UAE-Team Emirates | 26 | ,, | |
| 7 | GAUDU David | Groupama - FDJ | 22 | ,, | |
| 8 | HIGUITA Sergio | EF Education - Nippo | 18 | ,, | |
| 9 | MOLLEMA Bauke | Trek - Segafredo | 14 | ,, | |
| 10 | THOMAS Geraint | INEOS Grenadiers | 10 | ,, |
| 1 | ALAPHILIPPE Julian | Deceuninck - Quick Step | 25 | 4:38:55 |
| 2 | MATTHEWS Michael | Team BikeExchange | 0:12 | |
| 3 | ROGLIČ Primož | Team Jumbo-Visma | 0:14 | |
| 4 | HAIG Jack | Bahrain - Victorious | 0:18 | |
| 5 | KELDERMAN Wilco | BORA - hansgrohe | ,, | |
| 6 | POGAČAR Tadej | UAE-Team Emirates | ,, | |
| 7 | GAUDU David | Groupama - FDJ | ,, | |
| 8 | HIGUITA Sergio | EF Education - Nippo | ,, | |
| 9 | MOLLEMA Bauke | Trek - Segafredo | ,, | |
| 10 | THOMAS Geraint | INEOS Grenadiers | ,, |