
15 Kilometer viru Schluss huet sech de Remco Evenepoel vun der Ekipp Quick-Step Alpha Vinyl an der Côte de La Roche-aux-faucons vu sengem leschte Begleeder Bruno Armirail ofgesat an huet sech vum Peloton net méi afänke gelooss. Den Teuns, de Martinez an de Vlasov hunn 10 Kilometer virum Enn vun der Course nach eng Kéier alles probéiert, konnten de Belsch awer net méi afänken. Op Plazen 2 an 3 koumen de Quinten Hermans an de Wout van Aert, déi domadder de belschen Triplé perfekt gemaach hunn.
Den Ufank vun der Course war vun enger Echappée vun 11 Mann gepräägt, an der aus Lëtzebuerger Siicht och den Tom Wirtgen aus der Ekipp Bingoal Pauwels Sauces dobäi war. Och wéi de Grupp op 6 Mann reduzéiert gouf, huet de Wirtgen et gepackt dobäi ze bleiwen. Ronn 60 Kilometer virun der Arrivée gouf et eng grouss Chutte vir am Peloton an déi och de Weltmeeschter Julian Alaphilippe verwéckelt war, deen doropshin huet missen opginn. Eng Rei Coureuren hu sech missen un de grousse Grupp eruschaffen. De Bob Jungels war och mat dobäi, huet den Uschloss awer kuerz drop nees gepackt. An där Phas war och de Lëtzebuerger Champion Kevin Geniets ëmmer nees vir am Peloton ze gesinn.
No der Côte de la Redoute ass souwuel d’Echappée ewéi och de Peloton ausernee gefuer. Am Spëtzegrupp huet de Bruno Armirail attackéiert, hannendrun huet sech de Remco Evenepoel ofgesat. Déi zwee sinn déi lescht 20 Kilometer zesummegefuer. Hannendrun huet sech e Peloton mat de Favoritte Wout van Aert, Dylan Teuns a Co zesummefonnt, deen alles ginn huet, fir d’Ausräisser anzehuelen. Zum Schluss ass et net méi duergaangen, fir de jonke Belsch anzefänken.
Déi dräi Lëtzebuerger sinn um Enn mat engem Retard vu 7 Minutten a 35 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer. De Luc Wirtgen huet sech op der 48. Plaz klasséiert. De Bob Jungels an de Kevin Geniets koumen op d’Plazen 58 a 59.
Bei den Dammen hat sech um Sonndeg Moien d’Annemiek van Vleuten en solitaire duerchgesat.
1 EVENEPOEL Remco Quick-Step 6:12:38
2 HERMANN Quinten Intermarché 0:48
3 VAN AERT Wout Jumbo-Visma ,,
4 MARTINEZ Daniel Felipe INEOS-Grenadiere ,,
5 HIGUITA Sergio BORA - hansgrohe ,,
6 TEUNS Dylan Bahrain - Siegreich ,,
7 VALVERDE Alejandro Movistar-Team ,,
8 OHNE Neilson EF Education-EasyPost ,,
9 HIRSCH Marc VAE-Team Emirates ,,
10 Wald Michael Israel - Premier Tech ,,
...
48 WIRTGEN Luc Bingoal Pauwels Saucen 7:35
58 Jungels Bob AG2R Citroën-Team ,,
59 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,