Léck-Baaschtnech-LéckAnnemiek van Vleuten wënnt en solitaire

RTL Lëtzebuerg
D'Hollännerin hat sech 14 Kilometer virun der Arrivée un d'Spëtzt gesat an ass dunn der Victoire eleng entgéint gefuer.
© Roland Miny / pressphoto

D’Annemiek van Vleuten huet mat Léck-Baaschtnech-Léck de leschte Fréijoersklassiker an dëser Saison gewonnen. No 142 Kilometer huet sech d’Hollännerin en solitaire duerchgesat. Si hat eng Avance vun 43 Sekonnen op d’Grace Brown an d’Demi Vollering.

14 Kilometer virun der Arrivée huet d’Annemiek van Vleuten déi decisiv Attack aus engem Grupp mat de weidere Favoritinnen eraus gesat. Hannert hir huet e Grupp aus 5 Dammen (Ashleigh Moolman Pasio, Marta Cavalli, Elisa Longo Borghini, Demi Vollering a Liane Lippert) probéiert, fir d’Hollännerin nees anzefänken. Dat ass hinnen awer net méi gelongen. Si sinn hannert der Gewënnerin van Vleuten ëm déi aner Plazen um Podium gesprint. D’Plazen 2 an 3 waren um Enn fir d’Grace Brown an d’Demi Vollering.

Fir d’Van Vleuten ass et déi 2. Victoire beim Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck.

Mam Nina Berton, Maïté Barthels an Isa Klein (alleguer ANDY SCHLECK - CP NVST - IMMO LOSCH) waren dräi Lëtzebuergerinnen um Depart. D’Nina Berton ass 72. ginn op 12 Minutten a 57 Sekonnen. D’Maïté Barthels ass d’Course net op en Enn gefuer an d’Isa Klein ass baussent dem Zäitlimitt ukomm.

D’Resultater vun den Dammen

1 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team 3:52:32
2 BROWN Grace FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope 0:43
3 VOLLERING Demi Team SD Worx ,,
4 MOOLMAN Ashleigh Team SD Worx ,,
5 LONGO BORGHINI Elisa Trek - Segafredo ,,
6 CAVALLI Marta FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope 0:47
7 SIERRA Arlenis Movistar Team 1:58
8 LIPPERT Liane Team DSM ,,
9 NIEWIADOMA Katarzyna Canyon//SRAM Racing ,,
10 SPRATT Amanda Team BikeExchange - Jayco ,,
...
72 BERTON Nina Andy Schleck - CP NVST - Immo Losch 12:57
DNF BARTHELS Maïté Andy Schleck - CP NVST - Immo Losch -
OTL KLEIN Isabella Andy Schleck - CP NVST - Immo Losch 4:12:48

Back to Top
CIM LOGO