Nina Berton no Bronze op der Cyclissem-EM"Wa mer dat an Zukunft nach ausbauen, kënne mer nach cool Saachen maachen"

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'FSCL-Ekipp op der Europameeschterschaft am Cyclissem Bronze gewonnen. Bei de Junioren ass um Enn déi 5. Plaz dobäi erausgesprongen.

Eréischt fir déi zweete Kéier hat déi Lëtzebuerger Vëlosfederatioun eng Mixed-Relay-Ekipp op der Europameeschterschaft um Depart. D'Nina Berton, den Alex Kirsch, de Mathieu Kockelmann, d'Marie Schreiber, d'Liv an de Mats Wenzel haten um Enn e Retard vun 3 Minutten a 34 Sekonnen op d'Gewënner aus Frankräich, mat ënner anerem dem Bruno Armirail. Op déi 2. Plaz koum um Enn Italien, dat op eng Minutt an 12 Sekonnen. D'Häre si au Depart an d'Course gaangen a sinn no e puer Schwieregkeeten eng gutt Course gefuer.

Mathieu Kockelmann: "Fir mech éischter iwwerraschend. Et ass meng éischt Kéier, dass ech mat hinnen de Mixed Relay matfueren. Ech hu mir elo selwer net wierklech Gedanke gemaach ëm e Resultat. Ech hu probéiert, awer mäi Bescht ze ginn, fir der Ekipp esou gutt wéi méiglech ze hëllefen. Mir haten am Ufank e bësse Startschwieregkeete mat menger Ketten, hunn eis awer duerno erëm gutt fonnt, si calm bliwwen, hunn zum Schluss wierklech konnten Zäit guttmaachen an ech mengen dat huet eis duerno vill gehollef, fir d'Meedercher gutt ze lancéieren. Mir haten eis dat gutt ugekuckt am Recon a mir dräi verstinn eis zimmlech gutt. Do hu mer gutt konnten zesummeschaffen a waren och wierklech éierlech mateneen, wou wie seng Stäerkte konnt ausspillen an hunn do probéiert, e bëssen un d'Form vum Dag dat Ganzt unzepassen. Mir hunn dat gutt hikritt a waren éierlech, wéi d'Form vum Dag eenzel bei eis wier. Zum Schluss eraus, mengen ech, huet all Mënsch säi Bescht ginn an dat kënnt dann duerno am Resultat dann och, deementspriechend da rëm zeréck."

44 Kilometer ronderëm Ljubliana a Slowenien stoungen um Programm. An der Hallschent gouf gewiesselt an dunn war et um Marie Schreiber, dem Liv Wenzel an dem Nina Berton, fir bis op d'Arrivée ze fueren. Fir déi Leschtgenannten huet och den Ekippegeescht den Ënnerscheed gemaach.

Nina Berton: "Eis Jonge si richteg gutt gefuer an dunn ware mer och motivéiert, fir dat esou weiderzemaachen. Mir hunn am Ufank net wierklech un iergendeen e bestëmmt Resultat geduecht, mee dunn iergendwann nom Bierg hu mer matkritt, dass et elo net esou wäit dovu ewech wär. Ënnen am Dall hu mer dann nach eng Kéier wierklech alles ginn a jiddereen nach eng Kéier wierklech dee leschte Pull Vollgas gemaach an dunn ass et duergaangen fir de Podium. Fir e Land wéi Lëtzebuerg ass et zimmlech cool, dass mer esou ee Projet op d'Been stelle kënnen. Virun allem, well mer elo net eng vun deene gréissten Natioune sinn an dat awer eng grouss Chance ass, bei esou enger Kompetitioun fir e gutt Resultat matzefueren, well et awer e wierklech homogene Grupp ass, dee mer hunn. Wa mer dat an Zukunft nach weider ausbauen, kënne mer hoffentlech nach cool Saachen zesumme maachen."

Bei de Junioren huet d'FSCL-Ekipp mam Maximilien Outlet, dem Wilhelm Thijs König, dem Elena Lopes, dem June Nothum, dem Amy Breuer an dem
Thibault Hansen um Enn déi 5. Plaz konnte feieren. Si haten e Retard vun enger Minutt a 35 Sekonnen op d'Gewënner aus Italien.

Am Eenzel-Zäitfuere bei de Junior-Damme koum d'Elena Lopes e Mëttwoch mat engem Retard vun enger Minutt an 8 Sekonnen op déi 9. Plaz. D'June Nothum gouf déi 23. op 3 Minutten an eng Sekonn.

Reaktioune vum Nina Berton an dem Mathieu Kockelmann no Bronze am Mixed Relay
Op der Cyclissem-EM huet Lëtzebuerg Bronze am Mixed Relay gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO