E Mëttwoch gouf et op der 11. Etapp vum Tour de France een Novum. Direkt zweemol vun ënnerschiddleche Säiten ass et iwwert de Mont Ventoux gaangen. D’Arrivée war allerdéngs net um mythesche Gigant vun der Grande Boucle, mä no enger deels technesch usprochsvoller Descente am Dall zu Malaucène.
No 177 Kilometer a 4.647 Héichtemeter konnt sech de Wout van Aert aus enger Echappée eraus en solitaire duerchsetzen. De Belsch hat no senger staarker Leeschtung op der Arrivée eng Avance vun enger Minutt a 15 Sekonnen op de Kenny Elissonde an de Bauke Mollema.
Am General bleift den Tadej Pogacar un der Spëtzt. De Slowen huet allerdéngs e Mëttwoch gewisen, datt hien ugräifbar ass. De Jonas Vingegaard huet beim 2. Passage um Mont Ventoux eng 1,5 Kilometer virum Sommet attackéiert an de Pogacar konnt hei d’Rad net méi halen. De Mann am Maillot Jaune konnt d’Lach op den Dän an der Descente awer nees zoufueren. De Pogacar ass um Enn als 4. op eng Minutt an 38 Sekonnen ukomm. Bei him am Grupp waren nach de Rigoberto Uran, de Richard Carapaz an de Jonas Vingegaard.
Am General bleift de Pogacar deemno un der Spëtzt. Hien huet e Virsprong vu fënnef Minutten an 18 Sekonnen op den neien 2. Rigoberto Uran. Drëtten ass elo de Jonas Vingegaard op fënnef Minutten an 32 Sekonnen.
Net méi mat dobäi ass ënnert anerem den Tony Martin. Den Däitschen, dee jo schonn op der 1. Etapp an eng schwéier Chute involvéiert war, ass op der 11. Etapp eng weider Kéier gefall a konnt net méi weiderfueren. Hie gouf fir eng Kontroll an d’Spidol transportéiert.
1 Wout VAN AERT WOUT VAN AERT 12 JUMBO - VISMA 05h 17' 43'’
2 Kenny ELISSONDE KENNY ELISSONDE 43 TREK - SEGAFREDO 05h 18' 57'’ + 00h 01' 14'’
3 Bauke MOLLEMA BAUKE MOLLEMA 44 TREK - SEGAFREDO 05h 18' 57'’ + 00h 01' 14'’
4 TADEJ POGACAR 1 UAE TEAM EMIRATES 05h 19' 21'’ + 00h 01' 38'’
5 RIGOBERTO URAN 111 EF EDUCATION - NIPPO 05h 19' 21'’ + 00h 01' 38'’
6 RICHARD CARAPAZ 22 INEOS GRENADIERS 05h 19' 21'’ + 00h 01' 38'’
7 JONAS VINGEGAARD 18 JUMBO - VISMA 05h 19' 21'’ + 00h 01' 38'’
8 ALEXEY LUTSENKO 188 ASTANA - PREMIER TECH 05h 19' 39'’ + 00h 01' 56'’
9 WILCO KELDERMAN 73 BORA - HANSGROHE 05h 19' 39'’ + 00h 01' 56'’
10 ENRIC MAS 65 MOVISTAR TEAM 05h 20' 45'’ + 00h 03' 02'’
1 Tadej POGAČAR TADEJ POGACAR 1 UAE TEAM EMIRATES 43h 44' 38'’
2 Rigoberto URAN RIGOBERTO URAN 111 EF EDUCATION - NIPPO 43h 49' 56'’ + 00h 05' 18'’
3 Jonas VINGEGAARD JONAS VINGEGAARD 18 JUMBO - VISMA 43h 50' 10'’ + 00h 05' 32'’
4 RICHARD CARAPAZ 22 INEOS GRENADIERS 43h 50' 11'’ + 00h 05' 33'’
5 BEN O’CONNOR 124 AG2R CITROEN TEAM 43h 50' 36'’ + 00h 05' 58'’ B : 10'’
6 WILCO KELDERMAN 73 BORA - HANSGROHE 43h 50' 54'’ + 00h 06' 16'’
7 ALEXEY LUTSENKO 188 ASTANA - PREMIER TECH 43h 51' 08'’ + 00h 06' 30'’
8 ENRIC MAS 65 MOVISTAR TEAM 43h 51' 49'’ + 00h 07' 11'’
9 GUILLAUME MARTIN 91 COFIDIS 43h 54' 07'’ + 00h 09' 29'’ - -
10 PEIO BILBAO 162 BAHRAIN VICTORIOUS 43h 55' 06'’ + 00h 10' 28'’