
An de Sätz op 14 :25, 12 :25 a 15 :25 zitt d'Volleyballnationalekipp de Kierzeren géint e staarke Géigner aus Éisträich.
D'FLVB-Hären haten net den Hauch vun enger Chance wärend dësem Match. No eppes kléngs méi wéi 70 Minutte war alles un an aus. Déi Woche virdrun hat d'Ekipp vum Kapitän Gilles Braas géint d'Schwäiz, Ungarn, Holland a Nordmazedonien all Kéiers de Kierzere gezunn. Géint déi grouss gewuessen Éisträicher war kee Kraut gewuess.
Liicht besser goung et am Laf vum 2. Set an deelweis och wärend dem 3. Set. Um Enn konnt eng kloer Defaite awer net verhënnert ginn.
E Sonnden den Owend um 17:30 Auer spillt d'FLVB Härenekipp da géint Griicheland.