
Accident e Freideg de Moien um 7:47 Auer op der N14, op der Kräizung fir op Miedernach. Wéi d'Police op Nofro bestätegt, sinn hei zwee Gefierer anenee gerannt. Zwou Persounen hu musse mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht ginn. D'Kräizung war wärend den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart ginn.