No der Hëtztperiod Enn Mee annoncéiert sech déi nächsten. Pünktlech fir de Summerufank. Turquoise bloen Himmel an d'Sonn, déi iwwer Bierg an Dall blénkt. Esou extrem waarm Periode kéinten duerch de Klimawandel méi dacks opkommen. "Wat elo e bëssi aussergewéinlech bei dëser Situatioun ass, ass d'Dauer vun dëser Hëtzt. Mir schwätzen elo vu 4 bis 5 Deeg hannereneen. Mir kéinte souguer bis zu 10 Deeg hannereneen Hëtzt kréien", sou de Luca Mathias, Meteorolog bei Meteolux um Findel.

Mir sinn e puer Deeg viru Nationalfeierdag. Den 23. Juni 2016 waren um Findel 31,7 Grad gemooss ginn. Am Joer 2005 waren et 30,3 Grad. Den 23. Juni 1960 hat Meteolux 29 Grad gemooss. "Wat och interessant ass, datt mir eventuell elo wärend dëser Hëtztwell de Juni-Rekord um Findel kéinte briechen. Dee leit aktuell bei 35,4 Grad, dat war am Joer 2017. Mat den aktuelle Modellsimulatiounen ass et net ausgeschloss, datt mir dee Rekord an den nächsten Deeg wäerte briechen", sou de Luca Mathias am RTL Interview.
Meteolux huet déi giel Alerte ausgeléist. Fir e Freideg gëllt déi orange Warnung. Fir dës Phas auszeléisen, muss et wéinstens wärend zwee Deeg hannereneen déck waarm sinn. Verschidde Parametere mussen zesummekommen, fir vun enger Hëtztwell ze schwätzen. "Mir hunn elo do en neien Index, dee mir benotzen. Deen Index berécksiichtegt net nëmmen d'Lofttemperatur, mee och d'Loftfiichtegkeet, d'Stäerkt vum Wand an d'Intensitéit vun der Sonnenastralung. Unhand vun deem Index, deen dann iwwer den Dag ermëttelt gëtt, dobäi berécksiichtege mir och d'Nuetstemperaturen, wann déi net déif erofginn, huet dat en Impakt op d'Hëtztbelaschtung. Unhand vun deem Parameter kënne mir dann analyséieren, wéi staark d'Hëtztbelaaschtung iwwer déi nächsten Deeg gëtt".

Wéinst enger Canicule gëtt de Schoulministère awer net allgemeng Schoulfräi. D'Schoul huet nämlech eng wichteg Funktioun am Dagesoflaf vum Kand, respektiv dem Jugendlechen. "D'Kanner sinn an der Schoul fir ze léieren. D'Schoul ass awer och e beschützte Kader, wou si permanent encadréiert sinn. Wou si och ëmmer nees gesot kréie fir genuch ze drénken, eng Kap op de Kapp ze doen, sech net der praller Sonn auszesetzen. Dat alles ass och eng wichteg Funktioun vun der Schoul. D'Enseignanten, Direkteren, awer och d'Gemengen iwwerhuelen do Verantwortung, fir dat deementspriechend ze preparéieren", erkläert de Gilles Dhamen vum Educatiounsministère.