Relativ schwiereg waren déi lescht zwee Matcher fir d’Lëtzebuerger an der European League. Souwuel géint d’Schwäiz wéi och géint Ungarn huet ee sech mat 0:3 misse geschloe ginn, an dat an enger Phas mat 6 Matcher an 3 Wochen. Zwar konnt d’Ekipp phaseweis gutt mathalen, fir e Sazgewënn sollt et um Enn awer net duergoen.
Gilles Braas, Kapitän vun der Nationalekipp: "Déi lescht zwee Matcher waren immens schwéier fir eis, ech géif och soen, datt mir do alleguer enttäuscht aus der Schwäiz zeréckkomm waren, wëll mir eis méi erwaart haten. Mir hate si u sech net wierklech kannt, mee mir haten domadder gerechent, dass si plus minus op eisem Niveau wieren."
An de leschte béide Matcher vun dëser Campagne waarden elo Éisträich a Griicheland op d’Lëtzebuerger Volleyball-Hären. Wann een ee vun deenen zwee Matcher gewënnt, wier ee sécher bei de Spiller vun de klenge Länner mat dobäi. Och dës Partië wäerten awer alles anescht ewéi einfach ginn. Éisträich schätzt een awer op engem änlechen Niveau an, wat Hoffnung op eng ausgeglache Partie mécht, zemools well een an der Vergaangenheet och scho géint si gewanne konnt. De leschte Match virun enger Woch war awer 2:3 verluer gaangen.
"Et sinn zwee Géigner déi mir kennen. Deen een, well mir si virun enger gudder Woch gespillt hunn, an deen anere vu virun e puer Joer. Mir erwaarden eis zwee staark Géigner. Éisträich wësse mir, dass si plus minus op eisem Niveau sinn. Mir hu knapp 3:2 verluer a mir wëllen dee Match dës Kéier doheem gewannen", sou de Gilles Braas.
Virbereet gëtt sech op déi kommend Aufgaben och an der Coque. Dobäi läit de Fokus virun allem op der Taktik, gläichzäiteg probéiert een awer och d'Kraaft richteg anzedeelen, heescht et vum Kapitän:
"Mir hunn elo fir déi zwee Matcher, déi kommen, net méi ganz vill Zäit. Ech menge mir hunn elo nach 2-3 Trainingen, ier et lass geet. Mir sinn elo schonn zanter engem gudde Mount intensiv amgaangen a mir musse kucken, fir dat kierperlech am Equiliber ze halen a sech net ganz auszepoweren. Et muss ee schonn e bësse Kräfte schounen a kucken, sech op takteschem Plang op de Géigner anzestellen."
Ënnerstëtze kënnt Dir d’Lëtzebuerger Ekipp da géint Éisträich e Freideg den Owend um 19:30 Auer an der Coque. Iwwerdroe gëtt d’Partie och am Livestream op RTL.lu.