
Am zweete Saz waren d'Lëtzebuerger, no 3 Punkten Avantage bis 12:9, nach bis 15:16 un den Hollänner drun, konnten duerno awer net méi mat halen. Virun allem den Opposite Sil Meijs huet, mat enger Quot vu 70% an der Attack an 20 Punkten am Total, de Lëtzebuerger d'Liewe schwéier gemaach. An de Sätz stoung et um Enn 17:25, 22:25 a 16:25.
Um Sonndegowend sinn d'Lëtzebuerger géint d'Lokalekipp ugetrueden. Hei konnten d'Lëtzebuerger viru bal 1.000 Spectateuren am éischte Saz iwwerraschen. Mat vill Drock um Service an duerch eng stabil Receptioun huet Lëtzebuerg den éischte Saz mat 25:23 gewonnen. Nees eng Kéier war et awer de géignereschen Diagonalspiller, an dësem Fall den Nikola Gjorgiev, dee mat 30 Punkten de Match dominéiert huet. An de Sätz 2 an 3 konnten d'Lëtzebuerger nach gutt mathalen (21:25, 20:25), waren am véierte Saz awer däitlech ënnerleeën (13:25).
Déi intensiv Wochen an der European League gi schonn dëse Weekend an der Schwäiz weider. En Donneschdeg de Moie fueren d'Lëtzebuerger mam Bus op Kriens, wou si dann e Freideg, den 12.6. um 18:30 Auer géint d'Schwäiz an um Samschdeg, den 13.6. um 18:30 Auer géint Ungarn spillen.

Am Verglach zu Nordmazedonien gëtt den Akos Bibel duerch den Tim Mangen ersat.
Gilles Braas (6), Jakub Karzel (38), Ryan Matilde da Luz (22), Samuel Novais (2) (all VC Stroossen)
Philippe Glesener (16), Chris Zuidberg (14) (VC Lorentzweiler)
Max Funk (24)
Tim Mangen (27) (CHEV Dikrech)
Filip Bilan (30), Michail Constantinou (12) (VC Fenténg)
Noah Oesch (31) (Volleyball Iechternach)
Jérémie Feit (15) (Nice VB)
Christian Galoppo (19) (Concordia Irvine University)
Loris Centrone (34) (SSC Karlsruhe)
Staff: Pompiliu Dascalu, Ranguel Krivov, Bob Dumon