Vun dësem Freideg unGeschäfter kënne méi fréi opmaachen a méi spéit zou. Nei Zäite gëllen och fir Tankstellen

RTL Lëtzebuerg
De Sonndeg ass elo méi kloer gereegelt. Et kann ee säi Geschäft, ouni et unzefroen, vu moies 5 bis owes 19 Auer opspären.

Vun dësem Freideg u kënnen d'Geschäfter méi fréi opmaachen a méi spéit zou. Dat Gesetz iwwer d’Ouvertureszäiten am Commerce, dat viru 6 Méint gestëmmt gouf a fir vill Diskussioune gesuergt hat, trëtt a Kraaft.

E Buttek däerf elo an der Woch vu moies 5 bis owes 21 Auer ophunn.

De Weekend a Feierdeeg ass schonn um 19 Auer Schluss.

De Sonndeg ass elo méi kloer gereegelt. Et kann ee säi Geschäft – ouni et unzefroen - vu moies 5 bis owes 19 Auer opspären.
 

"D'Tankstell ass haut d'Epicerie vum Duerf"
Vun e Freideg u gëllt d'Gesetz iwwer déi nei Ouvertureszäiten, dat viru 6 Méint an der Chamber gestëmmt gouf. D'Tankstelle profitéieren net dovunner.

Dës nei Reegelen gëllen och fir d'Tankstellen, ausser fir eng 35 Stéck, déi op den Autobunnen oder Nationalstroossen leien. Déi däerfe weider méi laang ophunn. Déi aner och, wa se dann e Kollektivvertrag ënnerschreiwen, also en Accord mat de Gewerkschaften aushandelen.
 
Geschäfter, déi zum Beispill Liewensmëttel verkafen, kënne mat Derogatioun och bis 1 Auer nuets ophunn, oder souguer ronderëm d'Auer.

D'Butteker kënne wéi gesot vun dësem Freideg u méi laang ophunn, mussen awer net. An enger éischter Phas gi sech keng grouss Ännerungen erwaart.

Back to Top
CIM LOGO