
Fir an d'Haaptronn vun de 24 Länner ze kommen, hu sech mat Lëtzebuerg nach Albanien, Litauen an Dänemark an der Prequalifikatioun ëm déi lescht zwou Plaze gestridden.
D'Lëtzebuerger Dammen haten e perfekten Optakt géint Albanien erwëscht an den éischte Saz souverän 25:21 gewonnen. An de weidere Sätz konnte Carla Mulli, Julie Teso a Co awer net méi un d'Leeschtung uknäppen a verléieren de Match um Enn mat 1:3.
Nodeems sech Litauen um éischten Owend mat 3-0 géint Dänemark behaapte konnt, war gewosst, datt et géint d'Dammen aus dem Baltikum géif schwéier ginn. D'Receptioun vun de Roude Léiwinne war net gutt an dësem Match a Litaue konnt sech mam 3:0 (25:22, 25:18, 25:13) fréizäiteg fir Haaptronn qualifizéieren.
Domat war kloer, datt Lëtzebuerg et dëst Joer net géif an European League packen. Fir d'Damme vum Fabio Aïuto war den Tournoi awer net eriwwer. Géint d'Heemekipp wollte si nach emol weisen, datt si et besser kënnen. No verluerenem éischte Saz (21-25) konnten d'Lëtzebuergerinnen den Drock um Service erhéijen a stabiliséieren. Lëtzebuerg konnt d'Sätz 2 an 3 mat 25:18 a 25:23 fir sech decidéieren. An der Mëtt vum véierte Saz haten d'Rout Léiwinnen e klengen Down, wouduerch d'Däninnen de Saz mat 25-18 gewanne konnten.
Duerch e clevere Wiessel (Schaack amplaz vu Mulli op der Diagonalpositioun a Mulli amplaz vu Feller op Lénksbaussen) konnt d'FLVB Selektioun den decisive fënnefte Saz mat 15:13 gewannen. Topscorer vum Match war d'Emma van Elslande mat 28 Punkten. Um Enn vum Tournoi kommen d'Lëtzebuergerinnen op déi véierte Plaz.
Carla Mulli, Cindy Schneider, Julie Teso, Giulia Tarantini, Marie Richartz, Yana Feller, Marie Schaack, Emma van Elslande, Martina Fraschetti, Lilly Tarantini, Diana Snopok, Elina Wolf, Filippa Nau, Liz Beffort