
Seng Aktioun war staark ëmstridden. Mä den amerikanesche “Freeclimber” Alex Honnold ass e Sonndeg de Moien, no ronn annerhallwer Stonn, uewen um Héichhaus Taipeh 101 an der Haaptstad vun Taiwan ukomm.
De 40 Joer ale Mann ass déi 508 Meter, komplett ouni Ofsécherung, d’Fassad erop geklommen. An dat Ganzt ass live op Netflix gewise ginn. Fir de Live-Spektakel “Skycraper live” soll den zweefache Familljepapp eng Zomm am mëttlere sechsstellegen Dollarberäich kritt hunn.
Den Alex Honnold gëllt ass ee vun de beschte “Freeclimber” op der Welt. Säin éischte Versuch war e Samscheg wéinst dem Reen ofgesot an op e Sonndeg verluecht ginn.