
De Chris Rodesch kennt säi Géigner an der Qualifikatioun fir Roland Garros, den zweete Grand Slam am Kalenner. E Sonndeg gouf déi éischt Ronn vun der Qualifikatioun gezunn an d'Lëtzebuerger Nummer 1 kritt et mam Schwäizer Leandro Riedi ze dinn. De 24 Joer ale Schwäizer (128) ass aktuell am ATP-Ranking 38 Plaze besser klasséiert wéi de Chris Rodesch (166).
Am Fall vun engem Weiderkomme géif de Rodesch entweeder op den Amerikaner Broady oder den Italieener Cadenasso treffen. Am Ganze muss de Lëtzebuerger Rietshänner dräi Quali-Matcher iwwerstoen, fir am Haapttablo vu Roland Garros ze stoen.