Lëtzebuerger Regatta-TraditiounDe Siggy's Cup setzt op d'Freed um Seegelen an op Lëtzebuerger Identitéit

Dan Wiroth
D'Ariane Ray, Grënnerin vum Siggy's Cup, erkläert am RTL-Interview, firwat d'Seegelregatta op Freed, Frëndschaft a Lëtzebuerger Identitéit setzt.
Siggy's Cup: Passioun Seegelen
Beim Siggy's Cup matmaachen, dierf am Prinzip jiddereen. Vill Lëtzebuerger Firmen, Institutiounen oder eng Hand voll Kolleege melle sech dacks als Ekipp un.

Vun der Iddi zur Regatta-Traditioun  

D'Seegelregatta Siggy's Cup huet sech zënter hirer Grënnung am Joer 2007 zu engem feste Rendez-vous fir Lëtzebuerger Seegelbegeeschterter entwéckelt. D’Initiatrice Ariane Ray erkläert am Interview, datt d’Iddi aus engem ganz perséinleche Besoin eraus entstanen ass: eng Regatta ze schafen, bei där net nëmmen d’Leeschtung zielt, mee wou och de Spaass an den Teamgeescht am Mëttelpunkt stinn.

Si erënnert sech:

"Moi, je naviguais avant. J'avais mon bateau à la Côte d'Azur […] Et puis, une fois que je suis arrivée au Luxembourg, j'ai participé à des regattes. J'ai adoré, parce qu'il y avait du challenge.“

Séier hu Frënn aus Lëtzebuerg d’Iddi opgegraff an aktiv um neie Projet matgewierkt. "Et ils ont trouvé l’idée géniale“, esou d’Ariane Ray.

Och den Numm vun der Regatta ass aus dësem kreative Prozess ervirgaangen: Inspiréiert vum Keeser Sigismund vu Lëtzebuerg a sengem Spëtznumm "Siggy“ ass den Numm "Siggy's Cup" entstanen.

Am Fokus: Seegel Frëndschaft a Lëtzebuerger Identitéit  

Organiséiert gëtt de Siggy's Cup vu "Sailing Passion asbl", déi eng bewosst Balance tëscht sportlechem Usproch an enger entspaanter Atmosphär sicht. D’Sécherheet huet dobäi Prioritéit, mee d’Konkurrenz steet net am absolutte Vierdergrond.

"On ne met pas l’accent sur la gagne, on met plutôt ça sur la bonne humeur“, betount d’Ariane Ray.

Besonnesch d'Lëtzebuerger Communautéit gëtt der Regatta hire spezielle Charakter. D’Ariane Ray beschreift dat mat enger typescher Situatioun:

"Vous avez des médecins ici, et puis ils rencontrent leurs patients […] il n’y a qu’à Luxembourg qu’on voit ça.“

Prinzipiell ka jidderee beim Siggy's Cup matmaachen. Dacks trieden Ekippe vu Firmen, Institutiounen oder Frëndeskreesser un. Vill Participante kommen och Joer fir Joer erëm, wéi eng Seeglerin erzielt:

"Ech hunn ugefaangen ze seegelen als Kand […] Um éischte Siggy's Cup 2007 sinn ech ganz begeeschtert gewiescht. Zënterdeem sinn ech elo schonn 20 Joer dobäi, well et ëmmer esou eng flott Ambiance ass, a well ëmmer nees nei Ekippen dobäi sinn.

Eng Regatta mat eegener Atmosphär  

Wat de Siggy's Cup besonnesch mécht, ass seng eenzegaarteg Stëmmung. All Booter gehéieren zur selwechter Kategorie a ginn op der Plaz gelount. D’Ekippe bestinn aus véier Persounen, a wärend enger Woch gëtt deeglech geseegelt – meeschtens zwou Manchen den Dag, ofhängeg vum Wieder.

Am Géigesaz zu ville klassesche Regatte stinn hei net d’Punkte-Juegd oder d'Präisgeld am Mëttelpunkt. "Hei gëtt dat éischter 'à la bonne franquette' gereegelt.“

Och d’Präisser selwer si méi symbolesch wéi kompetitiv: eng Fläsch roude Wäin, eng Cuvée vun deem Joer. "On va les offrir aux gagnants. Ce seront les trophées“, seet d’Ariane Ray. Beispillsweis goufen dëst Joer Biowäifläschen aus dem Médoc mat enger spezieller Serigraphie fir déi éischt dräi Plaze verginn.

Dat Wichtegst: D’Gemeinschaft  

Am Endeffekt geet et beim Siggy's Cup net ëm Placéierungen oder Resultater. Déi eigentlech Wäerter leien an der Gemeinschaft an der gemeinsam erliefter Zäit um Waasser.

Am Fong ass et net wierklech wichteg, ob een éischt oder lescht gëtt. Geklappt gëtt hei fir jiddereen, esou d’Organisateuren.

Genee dës Philosophie mécht de Siggy's Cup zu deem, wat en haut ass: eng Regatta, bei där Frëndschaft, Zesummenhalt an déi Lëtzebuerger Identitéit am Vierdergrond stinn.

Back to Top
CIM LOGO