TennisChris Rodesch wënnt ATP Challenger Tournoi a Portugal

RTL Lëtzebuerg
An der Finall konnt sech de Chris Rodesch bannent zwee Sätz duerchsetzen an den zweeten Challenger Tournoi a Portugal hannertenee gewannen.
© RAUL ARBOLEDA / AFP (Archiv)

E Sonndeg stoung nieft der Finall zu Melbourne och d’Finall vum ATP Challenger am portugiseschen Oeiras um Programm. Do konnt sech de Chris Rodesch no zwee Sätz mat 6:3 a 7:5 géint den Daniil Glinka aus Estland duerchsetzen. Fir de Lëtzebuerger Spiller ass dat den zweete Succès hannertenee bei engem Challenger Tournoi a Portugal.

Back to Top
CIM LOGO