TennisCarlos Alcaraz wënnt eng éischte Kéier d'Australian Open

RTL Lëtzebuerg
D'Nummer 1 vun der Welt huet sech vun engem gudde Start vum Novak Djokovic net beandrocke gelooss an d'Finall mat 3:1 fir sech entscheet.
TOPSHOT - Spain’s Carlos Alcaraz poses with the Norman Brookes Challenge Cup after defeating Serbia’s Novak Djokovic in the men’s singles final on Day 15 of the Australian Open tennis tournament in Melbourne on February 1, 2026. (Photo by Martin KEEP / AFP) / -- IMAGE RESTRICTED TO EDITORIAL USE - STRICTLY NO COMMERCIAL USE --
© AFP

Zu Melbourne war e Sonndeg d’Finall vun den Australian Open bei den Hären, wou sech de Carlos Alcaraz mat 3:1 (2:6, 6:2, 6:3, 7:5) géint den Novak Djokovic duerchgesat huet. Dobäi hat de Spuenier kee gudde Start an de Match erwëscht. Vill méi huet säi Géigner Djokovic den éischte Saz dominéiert a mat 6:2 fir sech entscheet. Duerno huet sech d’Bild awer geännert, well den Alcaraz sech manner Feeler erlaabt huet. D’Nummer 1 vun der Welt konnt bis zum Schluss net méi gestoppt ginn an ass mat sengem éischten Titel bei den Australian Open de jéngste Spiller, dee jeemools all véier Grand-Slame gewonnen huet.

Bei den Damme konnt sech e Samschdeg d’Elena Rybakina mat engem 2:1-Succès an der Finall géint d’Nummer 1 Aryna Sabalenka den Titel huelen.

Back to Top
CIM LOGO