Um éischte Weekend am Mee waren zu Frankfurt déi zweet däitsch Meeschterschaft am Hobby Horsing . Eng Ekipp vun der RTL KannerNiuuss war op der Plaz an huet dës Trendsportaart méi genee ënnert d'Lupp geholl.
D'Ursprongsland vum Hobby Horsing ass Finnland. 2008 hu finnesch Teenager a jonk Erwuessener ugefaangen, dat traditionellt Steckepäerd als Sportsinstrument ze benotzen, fir Dressur a Sprangreiden nozemaachen. Wat als kreativ Iddi ugefaangen huet, huet sech séier zu engem richtege Sport entwéckelt. Schonn 2010 gouf et vill finnesch Veräiner, Turnéieren an e fest Reglement.
Besonnesch duerch déi sozial Medien huet sech dës Sportaart séier verbreet.
Séier ass d'Hobby-Horse-Well och iwwer déi finnesch Landesgrenzen erausgaangen. Bannent e puer Joer huet sech Hobby Horsing zu enger international populärer Trendsportaart entwéckelt, déi Sportlerinnen a Sportler vun all Alter begeeschtert.
An Däitschland gëtt et en Daachverband (DtHHV) mat aktuell ronn 350 Veräiner a méi wéi 10.000 registréierten Aktiven. D'Zuel vun den Hobby-Horse-Reiderinnen a Reider läit awer warscheinlech nach vill méi héich.
Hobby Horsing orientéiert sech staark um Reitsport an un der Liichtathletik, huet awer och Elementer vu Gymnastik a Ballet. Beim Hobby Horse kann ee beim Sprangen, Galopp oder an der Dressur vill Spaass hunn.
D"Sportinstrument" Hobby Horse gëtt et a bal onzielege Varianten, wat Gréisst, Gewiicht, Faarf a Päerdsrass ugeet. Vill Hobby Horser bastelen hir Päerd selwer (dacks am finnesche Stil) oder kafe se bei klenge Produzenten. Och déi grouss Marken aus dem richtege Reitsport hu mëttlerweil dësen Trend erkannt a sinn aktiv an der Hobby-Horse-Zeen dobäi.
Präislech ass bei de klenge Sportspäerd bal alles méiglech: vun 20 Euro bis iwwer 500 Euro.

Déi zweet däitsch Meeschterschaft waren den 2. an 3. Mee zu Frankfurt am Main. Nieft de Competitioune fir d'Meeschterschaft, fir déi ee sech iwwer Qualifikatiouns-Turnéiere qualifizéiere misst, goufen et och vill oppe Prüfungen. Hei hate vill Jugendlecher an Erwuessener d'Méiglechkeet, sech mat aneren Hobby Horser ze moossen.
Et si 456 Sportlerinnen a Sportler a méi wéi 1.200 Prüfungen ugetrueden. Déi zwou Hale waren op béiden Deeg ganz gutt vu Spectateure besicht. Bei de Prüfunge waren nieft den nationale Sportler och vill international Hobby Horser aus Finnland, Dänemark, Frankräich, Éisträich, Tschechien an der Schwäiz dobäi.
Competitioune goufen et an dësen Disziplinnen:
Well Hobby Horsing och en Inklusiounssport ass, goufen et och Inclusiounscompetitiounen. D'Alterskategorië gouf et vun der U9 bis bei d'U99.
De 6. Juni ass zu Prag an Tschechien déi éischt offiziell Europameeschterschaft am Hobby Horsing. An de Kategorië Sprangen, Dressur a Western trieden Hobby Horser aus de Kadere vun dëse Länner un: Tschechien, Finnland, Schweden, Däitschland, Slowakei, Éisträich, Ungarn a Polen.
