Sech benevoll an engem Veräin engagéieren, dat hëlt vill Zäit an Usproch. Virun allem am Jugendberäich. Auerzäiten am fréien Nomëtteg bis an de fréien Owend eran. D'Demande u jonke Sportler ass grouss, genee esou de Besoin u forméierten Erwuessenen, déi hir Zäit gär benevoll hierginn.
Zwou Dammen, déi hir Fräizäit investéieren, sinn d'Carole Reuter an d'Laurence Morris. D'Carole Reuter war fréier Turnerin, kuerz och an der Liichtathleetik ënnerwee, ass dunn awer als Trainerin zeréck bei hire Kandheetsclub gaangen. Si investéiert an der Woch bis zu 13 Stonne fir den Training mam Nowuess.
Zu Dippech am Vëlosclub ass d'Laurence Morris zënter 20 Joer aktiv. Dass si fir hir Aarbecht net bezuelt gëtt, wier fir si an der Rei, well si léiwer huet, wann d'Suen, déi duerch de Sponsoring erakommen, an déi jonk Talenter gestach ginn. Allerdéngs géif eng Remuneratioun engem Trainer awer en anere Stellewäert ginn.
Et ginn och Jugendlecher, déi sech fir eng benevoll Aarbecht hierginn. Sou d'Greta Karotom, déi am selwer am Nationalkader vum Volleyball spillt. Si ass duerch Formatiounen um INAPS gaangen. Am INAPS, am Institut national de l'Activité physique et des Sports, setzt ee geziilt op eng professionell Schoulung fir Traineren.