
An enger spannender Auswäertspartie géint eng physesch Ekipp hunn d'Rout Léiwe vill Charakter misse weise fir duerch en Try an de leschte Minutte mat 22:17 ze gewannen.
D'Partie huet gutt ugefaange fir d'Lëtzebuerger. Si konnte vill Drock an der géignerescher Hallschent opbauen a sinn no 15 Minutten mat 5:0 a Féierung gaangen. Si hunn d'Finne weider dominéiert mee konnten net vun hire Geleeënheete profitéieren. No 25 Minutten hunn d'Verhältnisser sech um Terrain gedréint an d'Finne konnten d'Lëtzebuerger déif an der eegener Hallschent attackéieren. Defense vun de roude Léiwe war awer stabil an d'Finne konnte just 3 Punkte markéieren. Déi éischt Hallschent war ausgeglach mee d'Finnen hate méi Schwong éier et an d'Vestiairë goung.
An der zweeter Hallschent hunn d'Finne weider hire staarke Scrum benotzt fir d'Léiwen ze schwächen. No zwou giele Karte waren d'Lëtzebuerger nach zu 13 um Terrain. Wéinst der Iwwerzuel hunn d'Finne schnell zwee Tries hannertenee markéiert a si konnten d'Partie beim 17:5 komplett dréinen. No 60 Minutten hunn d'Rout Léiwe mat Awiesslunge reagéiert, déi ee groussen Impakt op d'Spill haten. Mat engem Boost vun de neie Spiller hu sech de Lucas Schmitt de Fintan Lawlor duerch ee Lach an der finnescher Defense gespillt, an d'Nummer 10 konnt ënnert de Pottoe lafen an de Retard op 12:17 verkierzen. De Lëtzebuerger Scrum war elo dominant an de Callum Trees ass vun Noem iwwert zwee Verdeedeger gelaf an huet fir weider 5 Punkte gesuergt. De Lawlor hat um Samschdeg net de beschten Dag mam Fouss an huet de Kick verpasst fir a Féierung ze goen. Et blouf beim 17:17. D'Lëtzebuerger hunn awer net opginn a mat der leschter Aktioun vum Match konnt de Gael Pujada weider 5 Punkte markéieren. Den Hugo Bertani hat d'Attack gutt virbereet.
Obwuel et net déi beschte Performance war, hunn d'Rout Léiwe gutt Chancen op de Playoff-Match fir den Opstig an d'Rugby Europe Trophy. D'Rout Léiwe konnten am Grupp A all Partië gewannen. Et gi 5 Gruppe an dovu spille just déi zwou bescht Ekippen de Playoff fir den Opstig.