
Déi wuel gréissten Iwwerraschung vun der zweeter Ronn gouf et e Sonndeg den Owend, wou de Gerwyn Price mat 0:3 géint de Wesley Plaisier verluer huet. Géint d’Nummer 92 vun der Weltranglëscht hat den Toppfavorit Price zwar e liicht besseren Average, ma d’Duebelquot war beim Hollänner besser an dat huet um Enn den Ënnerscheed gemaach.
Och scho fréizäiteg eriwwer ass d’WM fir de Michael Smith. De Weltmeeschter vun 2023 konnt zwar tëschenzäitlech ënner anerem mat engem 170er-Finish seng Qualitéite beweisen, ma géint e staarken Niels Zonneveld gouf et um Enn eng 1:3-Defaite. Béid Spiller waren an den zwee éischte Sätz nach op Aenhéicht, ma duerno sollt den Hollänner méi konstant scoren a sech um Enn fir déi nächst Ronn qualifizéieren. Nom Match huet den Zonneveld säi Succès géint de Michael Smith “déi gréisst Victoire vu sengem Liewe” genannt.
Eng weider Iwwerraschung gouf et mat der Eliminatioun vum Chris Dobey, dee mat 1:3 géint den Andrew Gilding de Kierzere gezunn huet. Obwuel sech de Gilding nach am éischte Saz huet misste geschloe ginn, konnt hien duerno ënner anerem mat engem 10-Darter iwwerzeegen an huet trotz engem tëschenzäitlechen 167er-Finish vum Dobey seng Nerve bis zum Schluss behalen.
De wuel spannendste Match mat enger nächster Eliminatioun vun engem Favorit gouf et en Dënschdeg den Owend am Match tëscht dem Danny Noppert géint den Justin Hood. D’Nummer 6 vun der Welt Danny Noppert hat ufanks net all ze gutt an de Match fonnt, konnt sech awer zweemol vun engem Réckstand zréckkämpfen a sou ass et fir béid Spiller am fënnefte Saz a beim Stand vu 5:5 an de Legs an de Sudden Death, also de leschten decisive Leg, gaangen. Do hat den Justin Hood säi véierte Match-Dart genotzt an eng héich spannend Partie fir sech entscheet, no där mam Danny Noppert e weideren héich-klasséierte Spiller fréizäiteg de Wee Heem untriede muss.
Opreegung gouf et da virun der Scheif an och nach nom Match bei der 3:1-Victoire vum Mensur Suljovic géint den Joe Cullen. Den Englänner hat selwer net de beschten Dag erwëscht, ma virun allem d’Spillweis vum Éisträicher Suljovic huet dem Cullen net gefall. Dësen hat sech beim Schéisse vu senge Feiler der Meenung vum Cullen no dacks ze vill Zäit gelooss. Gléckwënsch goufen op der Bün net ausgetosch an och nom Match huet den Englänner op de Soziale Medien nach d’Verhale vu sengem Géigner ënner anerem als “fuddelen” beschriwwen. Dat huet awer alles näischt un der Victoire fir de Suljovic geännert, fir deen et no de Chrëschtdeeg an der 3. Ronn weider geet.
Nieft de relativ villen iwwerraschenden Eliminatiounen an enke Matcher, konnte sech awer och vill Mat-Favoritte fir den Titel an der 2. Ronn wéi erwaart duerchsetzen. Sou gouf et beispillsweis fir déi aktuell Nummer 1 Luke Littler, de Stephen Bunting, Jonny Clayton, Nathan Aspinall an de Luke Humphries alleguer jeeweils eng kloer 3:0-Victoire. Och de Michael van Gerwen huet sech en Dënschdeg den Owend trotz engem Sazverloscht ouni gréisser Probleemer duerchgesat.
Weider qualifizéiert fir déi 3. Ronn sinn de Ryan Searle, Andreas Harrysson, James Hurrell, Ricardo Pietreczko, Krzystof Ratajski, Luke Woodhouse, Rob Cross, Martin Schindler, Damon Heta, Madars Razma, Gabriel Clemens, Kevin Doets, Ricky Evans, Gian van Veen, Charlie Manby, Ryan Meikle, Callan Rydz, Jermaine Wattimena, Arno Merk, Gary Anderson an Josh Rock.
Weider geet et mat der 3. Ronn vun der Darts-WM no de Chrëschtdeeg, e Samschdeg de 27. Dezember um 13.30 Auer.