Nodeems d’Lëtzebuerger e Samschdeg schonn hir zwee Simpele géint d’Ukrain gewonnen haten, war et um Sonnde Virmëtteg den Dubbel. Den Alex Knaff an de Chris Rodesch konnten sech no 96 Minutte mat 6:4 a 6:2 géint de Vladyslav Orlov an den Oleksandr Ovcharenko duerchsetzen. Domat hat d’FLT-Selektioun den Duell mat der Ukrain schonn nom Dubbel decidéiert.
De Simpel vum Raphael Calzi géint den Ovcharenko goung duerno mat zweemol 4:6 un d’Ukrain.