Am Tennis spillt dëse Weekend Lëtzebuerger Davis Cup Ekipp géint Ukrain ëm den Opstig an d’Weltgrupp 1. Nom éischten Dag féieren d’Rout Léiwen mat 2:0.
Am éischte Simpel hat d’Lëtzebuerger Nummer 1 Chris Rodesch (ATP-Ranking 138) d’Rout Léiwe mat 1:0 a Féierung bruecht. Hie konnt sech an 2 Sätz géint den Oleksii Krutykh (ATP-Ranking 569) duerchsetzen. Am éischte Saz konnt de Rodesch säi Géigner beim Stand vun 2:1 eng éischte Kéier breaken. Dee Break ass duergaange fir de Set mat 6:3 fir sech ze entscheeden. Den 2. Saz war nach méi kloer. Nom 1:1 huet de Lëtzebuerger 5 Jeuen um Stéck gewonnen a sech dee Saz mat 6:1 gekroopt.
Déi 2. Partie war méi serréiert. Den Alex Knaff (ATP-Ranking 687) konnt den éischte Saz mat 7:6 géint de Vladyslav Orlov (ATP-Ranking 499) fir sech entscheeden. Béid Spiller hunn hir Servicë relativ souverän duerchbruecht, dofir huet d’Entscheedung am Tie Break misse falen. Do huet de Knaff mat 7:2 d’Iwwerhand behalen. Den 2. Saz ass gutt lassgaange fir de Knaff, hie konnt sengem Géigner de Service ofhuelen an 2:1 a Féierung goen. Den Ukrainer huet awer direkt de Rebreak gepackt a konnt ausgläichen. De Knaff huet méi riskéiert a goung no engem weidere Break mat 5:2 a Féierung. Den Orlov huet géint d’Néierlag zerwéiert an de Knaff konnt sech eng weider Breakchance erausspillen. No 92 Minutten huet de Knaff och den 2. Set mat 6:2 gewonnen.
Um Sonndeg gëtt den Dubbel Chris Rodesch/Alex Knaff géint d’Koppel Viacheslav Bielinskyi/Oleksandr Ovcharenko ab 11 Auer an der Coque gespillt. D’Matcher ginn op RTL Zwee, RTL.lu, RTL Play an op der App iwwerdroen.