D’Patrizia van der Weken ass no hirem Exploit vum Weekend super zefridden mat hirer Leeschtung a seet sech selwer a Form. Liichtathletik ass e Sport, deen ee gutt moosse kann, an hei huet si elo all d’Puzzlestécker zesumme kritt gehat, fir eng Topzäit ze lafen. Sou kann a soll et weidergoen.
U verschiddene Schrauwen ass scho gedréint ginn, un anere wäert weider geschafft ginn. Jiddefalls war d’Patrizia van der Weken sech bewosst, si kéint eppes ofruffen an ass erugaange mam Gedanken, si kéint eppes räissen.
A knapp véier Wochen ass op der selwechter Plaz d’Indoor-WM, dowéinst war et der Sprinterin wichteg, do deem Chrono ze lafen. Dat gëtt e gutt Gefill fir d’WM, d’Pist ass nei a séier, optimal fir séier ze lafen. D’Zäit am Training bis dohi wäert genotzt gi fir un Detailer ze schaffen. Déi lescht Woch virun der WM wäert si e bëssen eraushuelen, an och d’Lëtzebuerger Championnat lafen, dat si sech trotz der WM net wëllt huele loossen.
Mat den entretemps méi héijen Erwaardungen kann d’Patrizia van der Weken entretemps gutt ëmgoen a konzentréiert bleiwen. Si ass op engem Punkt ukomm, op deem si weess, wat a wéi vill si packe kann. Et gëllt, Erwaardungen net ze no erukommen ze loossen an den Drock an positive Stress ëmzewandelen. Reesstress vu Lëtzebuerg aus gehéiert zum Beispill dozou.