Olympesch WanterspillerOfschlosszeremonie zu Verona

RTL Lëtzebuerg
No 16 Deeg ginn d'Olympesch Wanterspiller zu Mailand a Cortina d‘Ampezzo e Sonndeg den Owend op en Enn.
The Italian flag is presented during the closing ceremony of the Milano Cortina 2026 Winter Olympic Games at the Verona Arena in Verona, northern Italy, on February 22, 2026. (Photo by Stefano RELLANDINI / AFP)
© AFP

E Sonndeg de Mëtteg stoung mat der Finall am Äishockey déi lescht Entscheedung op sportlechem Terrain un. Hei konnt sech an engem Krimi d’USA an der Verlängerung mat 2:1 géint Kanada duerchsetzen an déi lescht Goldmedail gewannen.

Den Iwwerbléck vun de sportlechen Highlights fannt dir an eiser Iwwersiicht vun den Olympesch Wanterspiller.

Den Medailespigel konnten Norweger fir sech entscheeden, déi 18 Mol Gold, 12 Mol Sëlwer an 11 Mol Bronze gewonnen hunn. Zweetbescht Natioun sinn d’USA mat 12 Mol Gold, 12 Mol Sëlwer an 9 Mol Bronze.

Bei der Ofschlosszeremonie zu Verona déi ënnert dem Motto “Beauty in Action” statt fënnt, sollen net nëmmen d’Athleten am Vierdergrond stoen, mee och d’Schéinheet vum Land Italien gewürdegt ginn an e symboleschen Iwwergang zu den nächsten Olympesche Wanterspiller an de franséischen Alpen am Joer 2030 hiergestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO