
An der Accor Arena zu Paräis war e Sonndeg déi 9. Editioun vum Indoor Meeting an der Liichtathletik. D’Victoire op de 60 Meter Sprint ass dobäi op en Neits un d’Patrizia van der Weken gaangen. An der Finall hat si e Chrono vu 7.16 Sekonnen an huet sech domat no 2024 déi zweet Victoire bei dësem internationale Meeting geséchert.