
Riseslalom bei den Dammen zu Are
D’Julia Scheib ass no den zwee Leef a Schweeden déi Séierst gewiescht a séchert sech net nëmmen d’Victoire vum Dag, mee och nach déi kleng Kristallkugel. Der Éisträicherin hir gréisst Konkurrentin Camille Rast aus der Schwäiz war am zweete Laf fréi ausgescheet. Op Plaz 2 fiert d’US-Amerikanerin Paula Moltzan mat engem Réckstand vu 0,36 Sekonnen, virun der Alice Robertson aus Neiséiland, déi 0,75 Sekonne Retard hat.
Super G bei den Hären zu Courchevel
Den zweetleschte Super G vun der Saison huet wéinst ze vill Niwwel a Schnéiffall mussen ofgesot ginn. D’Course war scho vu Garmisch-Partenkichen dohi verluecht ginn. Fir e Sonndeg ass en zweete Super G geplangt, dee wéinst de Wiederaussiichten awer schonn op der Kipp steet. Sollt net kënne gefuer ginn, ass dem Schwäizer Marco Odermatt déi kleng Kristallkugel net méi ze huelen.
12,5 Kilometer Poursuite bei den Hären
Zu Otepää an Estland setzt sech de Sturla Holm Laegreid kloer duerch a feiert seng 19. Weltcup-Victoire. Mat nëmmen enger Strofronn huet den Norweger sech virum Fransous Emilien Jacquelin a sengem Landsmann Martin Uldal duerchgesat.
10 Kilometer Poursuite bei den Dammen
D’Course bei den Damme war fir d’Lisa Vittozzi, déi just zwee Feeler geschoss huet. Spannend war et um Enn ëm déi zweet Plaz. D’Finnin Suvi Minkkinen konnt sech géint d’Lou Jeanmonnot aus Frankräich duerchsetzen.
Dammen
No 118 Meter am éischten Duerchgang konnt d’Nika Prevc sech bei hirem zweete Sprong op 127 Meter steigeren, an zu Oslo an Norwegen hir Serie vu Victoiren op elo 17 an dëser Saison ausbauen. Op déi zweete Plaz kënnt d’Japanerin Nozomi Maruyama mat 2,4 Punkte Réckstand, virun der Norwegerin Heidi Dyhre Traaserud.
Hären
Um Holmenkollen war et duerno un den Hären. Do sollt den Domen Prevc am éischten Duerchgang iwwerraschend ausscheeden. Um Enn gewënnt de Gregor Deschwanden säin éischt Sprangen am Weltcup. De Schwäizer setzt sech knapp géint de Maximilian Ortner duerch, Drëtte gëtt den Naoki Nakamura.