Et gi Klassementer a verschiddenen Alterskategorië gemaach. Eis aktuell beschten Athletin Emma Barthel notzt de Meeting als Training a schwëmmt a fënnef verschiddene Courssen. Mee och aus dem Training eraus realiséiert déi 15 Joer al Schwëmmerin Performancen, déi no un de Landesrekorder leien. Fir den Nationaltrainer ass de CIJ Meet eng gutt Geleeënheet, fir d’Entwécklung vu jonke Schwëmmer ze beobachten, een oder deen anere kéint de Sprong an den Nationalkader packen. Aner Schwëmmer sinn am Promotiounskader vum COSL.
Zanter e puer Joer huet de Swimming Lëtzebuerg d’Kategorie Open mat derbäi geholl, fir d’Schwëmmer déi net méi an d’Jugendkategorië passen. D’Lou Jominet huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir sech op den 800 Meter fir d’Europameeschterschaft ze qualifizéieren. Déi 20 järeg Athletin vun de Sharks gëtt vun engem tuneeseschen Trainer trainéiert, dee schonn en tuneesesche Schwëmmer zum Olympesche Gold geleet hat.
D’Open Kategorie verbiergt och Iwwerraschungen. Esou ass de Lucas Mazerath ugetrueden an huet zwee Meetrekorder gebrach. Den däitsche Schwëmmer war op den Olympesche Spiller zu Paräis Fënnefte ginn.
E Sonndeg geet et viru mam CIJ Meet an der Coque, deen Dir op rtl.lu am Livestream suivéiere kënnt.