Dës Woch geet et ëm onkomplizéiert Dinner Parties. D'Anne mécht en Hummus mat engem exoteschen Topping an eng indesch ugehauchte Lënsequiche.
Hummus mat exoteschem Topping

Preparatioun: Fir 4 Persounen als Entrée – 30 Minutten
Fir den Topping:
1 kleng Ënn
2 Knuewelekszéiwen
15g Botter
1 Kaffisläffel Paprikapolver
2 Kaffisläffel gemuelte Kräizkümmel
eng Pout Kanéil
eng Pout Chiliflacken
300g gehaktent Hämmelfleesch
2 Iessläffel Piniekären
2 Iessläffel gehakten Menthe
Eng Handvoll Granatapelkären
Salz
Fir den Hummus:
1 Knuewelekszéif
1 Glas Kicheriebsen (220g ofgedrëpst)
3 Iessläffel Tahini
3 Iessläffel Joghurt
Jus vun 1 Zitroun
¼ Kaffisläffel Salz
Peffer
2 Iessläffel Olivenueleg
Pita Brout fir ze zerwéieren
Mat dem Topping ufänken: d’Ënn schielen an haken. D’Knuewelekszéiwe schielen a pressen.
De Botter an enger Pan schmëlzen an d’Ënne mat enger Pout Salz fir 4 Minutten ubroden. Den Knuewelek dobäi ginn an eng weider Minutt ubroden.
De Paprikapolver, Kräizkümmel, Kanéil an Chilliflacken dobäi ginn an eng weider Minutt ubroden.
D’Hämmelfleesch dobäi ginn a fir 10 Minutten ubroden, bis d’Fleesch ufänkt knausereg ze ginn.
Während där Zäit den Hummus preparéieren. D’Knuewelekszéif schielen a pressen. Mat all den aneren Ingredienten an e Mixer ginn an zu engem Püree mëschen.
Wann d’Fleesch bis knausereg ass, d’Pinienkären an d’Menthe dobäi ginn a mat Salz ofschmaachen.
Den Hummus op en déiwen Teller ginn an d’Fleesch drop verdeelen. Mat Granatapelkären dekoréieren.
Mat Pita Brout zerwéieren.
Indesch Lënsequiche

Preparatioun: 20 Minutten – Schäffchen: 35 Minutten – Fir 1 Quiche vun 30cm
1 Ënn
1 Iessläffel Sonneblummenueleg
2 Wuerzelen
1 Kaffisläffel Garam Masala
1 Kaffisläffel Kräizkümmelkären
1 Kaffisläffel Kurkuma
50ml wäisse Wäin
265g Lënsen aus der Bécks (ofgeschott)
1 Bond Koriander
150ml Ram
2 Eeër
¼ Kaffisläffel Salz
1 Pâte Brisée
2 Iessläffel Mango Chutney
100g Emmentaler, gerappt
Peffer
De Schäffchen op 180°C Ëmloft erhëtzen.
D’Ënn schielen an haken.
Den Ueleg an enger Pan erhëtzen an d’Ënn mat enger Pout Salz fir 4 Minutten dran ubrode bis se mëll ass.
Während där Zäit d’Wuerzele schielen a rappen.
No 4 Minutten, d’Wuerzelen, de Garam Masala, d’Kräizkümmelkären an de Kurkuma an d’Pan ginn an 2 Minutten ubroden. De wäisse Wäin dobäi ginn an eng weider 2 Minutte broden. D’Pan vun der Kachplack huelen an op d’Säit stellen.
D’Lënsen an e Sift ginn a mat Waasser ofspullen. Bei d’Wuerzelen an d’Pan ginn.
De Koriander graff haken a bei d’Lënse ginn. Alles gutt vermëschen.
An enger Schossel d’Ram mat den Eeër an dem Salz opklappen.
Den Deeg ausrullen an an eng gebottert Quicheform vun 30cm ginn. D’Lënsenfëllung drop verdeelen an d’Eeërmeschung driwwer schëdden.
Mat gerapptem Kéis bedecken a 35 Minutten am Schäffche baken.
Mat enger grénger Zalot zerwéieren.