E griichesche séiss-salzege Plat

Fir 2 Persounen

200g Feta
1 Pij
1 rout Chili
1 Iessläffel Hunneg
1 Iessläffel Olivenueleg
1 Iessläffel Lavendelbléien*
Salz a Peffer

Fir d’Fladebrout:
65g Miel
65g Vollkarmiel
1 Iessläffel Olivenueleg
¼ Téiläffel Salz
60ml Waasser
gesalzene Botter, fir ze besträichen

De Schäffchen op 200°C Ëmloft virhëtzen.

E bëssi Olivenueleg an eng Bakform ginn an de Feta dropleeën. D’Pij a Schnëtz schneiden a ronderëm de Feta an der Form verdeelen. D’Chili a Scheiwen schneiden an driwwer streeën.

Den Hunneg schmëlzen a mat engem Iessläffel Olivenueleg vermëschen. Iwwert de Feta an d’Pije schëdden. De Lavendel driwwer verstreeën an mat Salz a Peffer wierzen.

Eng Hallef Stonn am Schäffche baken.

Wärend där Zäit d’Fladebrout machen. All d’Ingredienten fir den Deeg, ausser de Botter, an eng Schossel ginn a verknieden. Eng Boule formen a 15 Minutten zougedeckt goe loossen.

No 15 Minutten, den Deeg a 4 Stécker schneiden. All Stéck zu enger Boule formen, mat der Hand flaachdrécken an zu enger Scheif ausrullen.

Eng Pan erhëtzen an wa se bis gutt waarm ass eng Deeg-Scheif an d’Pan leen. 2 Minutten ubroden bis se ufänkt Blosen ze schloen, dann emdreien an eng weider Minutt baken. Dei fäerdeg Fladenbrouter mat geschmolzenem gesalztem Botter besträichen.

De gebakene Feta mat dem Fladenbrout zerwéieren.

*TIP: Dir kennt de Lavendel mat Romarin ersetzen.