D'Anne freet sech ëmmer op e Gebuertsdag... Dofir këmmert si sech dës Kéier ëm d'Gebuertsdaagsiessen!
Sandwich Cake

Preparatioun: 20 Min – Frigo: 30 Min – Fir 6 Persounen
1 Tomat
180g Mozzarella
4 Scheiwen Sandwich Brout ouni Rand
150g Cream Cheese
80g Pesto
3 Iessläffel Schwaarz Oliventapenade
Fir ze dekoréieren:
10 kleng Tomaten
15 Mini Mozzarella Boulen
D’Tomat a véier schneiden an dann an dënn Scheiwe schneiden. De Mozzarella a Scheiwe schneiden.
An enger Schossel de Cream Cheese mam Pesto vermëschen.
Eng Scheif Brout op en Zerwéierteller leeën. E Läffel Tapenade driwwer sträichen. Da mat enger Schicht Tomaten an enger Schicht Mozzarella beleeën.
Eng zweet Broutscheif mat Pesto Cream Cheese besträichen an dann mat der Pesto Säit no ënnen op de Mozzarella leeën. Dei aner Säit vun dem Brout mat engem weidere Läffel Tapenade besträichen a weider wéi am Ufank maache bis all d’Brout opgebraucht ass.
Zum Schluss de Pesto Cream Cheese iwwert de ganze Kuch sträichen an och d’Säite verdecken.
De Kuch mat klengen Tomaten a Mini Mozzarella Boullen dekoréieren an 30 Minutten an de Frigo stellen éier een en zerwéiert.
Wäinzoossiss-Kranz

Preparatioun: 20 Min – Fir 5 Gromperekichelcher
1 Sweet Potato (ongeféier 300g)
1 Gromper (ongeféier 150g)
1 Ënn
½ Téiläffel Salz
1 Ee
2 Iessläffel Miel
½ Téiläffel frëschen Rosmarin, gehaakt
Peffer
Sonneblummenueleg, fir ze broden
Fir ze zerwéieren:
2 Iessläffel Quark
1 ½ Téiläffel Mierréidech
Äppelkompott
D’Sweet Potato, d’Gromper an d’Ënn schielen. Mat enger Kichemaschinn dënn rappen.
An e Sift ginn, mat Salz wierzen a souvill wei méiglech Flëssegkeet ausdrécken. D’Mëschung an eng Schossel ginn, d’Ee, d’Miel an de Rosmarin dobäi ginn a mat Peffer wierzen. Alles gutt vermëschen.
De Buedem vun enger Pan mat Sonneblummenueleg fëllen an erhëtzen. Mat e bësse Gromperemëschung testen op d’Fett waarm genuch ass: wann et direkt brutzelt ass et prett.
Jeeweils zwee Iessläffel Gromperemëschung an d’Fett ginn an am ganze 65 Gromperekichelcher doraus formen. Op all Säit fir 3 Minutten broden.
Während d’Gromperekichelcher broden, de Quark mat dem Mierréidech vermëschen a mat Salz wierzen.
D’Gromperekichelcher op Kichepabeier ofdrëpsen an da mat dem Mierréidechdip an dem Äppelkompott zerwéieren.