D'Anne Faber préparéiert dës Kéier e puer einfach Brunch-Rezepter fir déi et sech lount aus dem Bett ze sprangen.

Bananne Paangecher mat Blueberries

RTL

Preparatioun: Fir 5 Paangecher

2 Bananne
2 Iessläffel Erndossbotter
2 Eeër
40g Huewerflacken
½ Kaffisläffel Vanillsessenz
2 Kaffisläffel Chia-Somen
30g Botter
2 Handvoll Blueberries
Joghurt, fir ze zerwéieren
Ahornsirop, fir ze zerwéieren

D’Bananne schielen, a Scheiwe schneiden an an eng Schossel ginn. Mat enger Forschett tripsen bis et e Püree gëtt.

Den Erdnossbotter, d’Eeër, d’Huewerflacken, d’Vanillsessenz an d’Chia-Somen derbäi ginn an zu engem Deeg vermëschen.

De Botter an enger Pan schmëlzen a läffelweis Deeg an d’Pan gi fir 5 Paangecher ze formen.

E puer Blueberries op all Panesch verdeelen a fir 2 ½ Minutt broden. Dann de Panesch emdréinen an eng weider hallef Minutt broden.

Op en Teller leeën an d’Paangecher mat Joghurt an Ahornsirop zerwéieren.

BLT à la Anne

RTL

Preparatioun: Fir 1 Sandwich

5 Tranche Speck
2 Sandwich Brout Scheiwen
Mayonnaise
E bëssen Iceberg Zalot
½ Tomat,
e bëssen Avocado
HP Sauce
Peffer

De Speck an enger Pan ouni Fett broden. Op Kichepabeier ofdrëpse loossen.

Déi zwou Broutscheiwen an der Pan mam Fett vum Speck op den 2 Säite broden.

Eng Broutscheif mat Mayonnaise besträichen. Mat e bëssen Iceberg Zalot, Tomat an Avocado beleeën.

De Speck dropleeë an mat Peffer wierzen.

Déi zweet Broutscheif mat HP Sauce besträichen an op de Speck leeë fir e Sandwich ze kréien.

Nutella French Toast Rullen

RTL

Préparatioun: Fir 3 Portiounen – 15 Min

1 Ee
2 Iessläffele Mëllech
6 Sandwich Broutscheiwen ouni Rand
6 Iessläffelen Nutella
15g Botter
2 Iessläffelen Zocker
eng Pout Kanéil
Joghurt, fir ze zerwéieren
Hambieren, fir ze zerwéieren

D’Ee an en déiwen Teller ginn a mat der Mëllech opklappen.

Eng Broutscheif mat enger Bakrull platt rullen. Mat 1 Läffel Nutella besträichen. D’Brout oprullen an mat de weidere Broutscheiwe widderhuelen.

De Botter an enger Pan schmëlzen an all Broutrull an d’Eermëschung zappen an dann am Botter brode bis se brong sinn.

Während där Zäit den Zocker mat dem Kanéil mëschen.

Déi färdeg gebrode Rullen an dem Kanéilzocker rullen. All Rull an Zwee schneiden a jeeweils 4 Halschenten op en Teller leeën.

Mat Joghurt an Hambieren zerwéieren.

TIP: Wann een et léiwer gehäerzt huet kann een dës French Toasts mat Ham a Kéis maachen.