D'Mëttesstonn op der Aarbecht. D'Anne weist Iech bei dësem Episode wéi een seng Lunchbox richteg gutt pake kënnt.
Maple Pekan Trüffelen

Mécht 25 Stéck– Preparatioun: 10 Minutten – Ofkillen: 1 Stonn
80g Pekan Nëss
150g Dattelen
1 Iessläffel Ahornsirop
Eng Pout Kanéil
20g Kokosnossraspelen
D’ Pekan Nëss an engem Mixer zerklengeren bis dass se grob gehaakt sinn, mee net ganz puddereg.
D’Dattelen, den Ahornsirop an den Kanéil dozou ginn an zu enger Pâte mixen.
D’Kokosnossraspelen op en Teller streeën.
D’Friischtenmëschung a kleng Boule formen an an der Kokosnoss rullen.
D’Trüffel op en Teller leeën an vir 20 Minutten kal stellen fir dass se fest ginn.
Instant Lënsenzopp

Mécht 2 500ml Amaachglieser – Preparatioun: 10 Minutten – Fir 2 Persounen
3 Kaffisläffelen Poulet’s Bouillon Pudder*
4 Iessläffelen Ram
¼ Kaffisläffelen Thymian
200g Lënsen aus dem Glas (oofgeschoddent Gewiicht)
124g Wuerzelen an Ierbessen aus dem Glas (oofgeschoddent Gewiicht)
6 Mini-Mettwurschten **
1 ½ Kaffisläffel Poulet’s Bouillon an all 500ml Amaachglas ginn. 2 Iessläffel Ram an d’Halschent vun dem Thymian bei all Portioun ginn, dann 100g Lënsen drop ginn.
D’Wuerzelen an kléng Stécker schneiden an mat den Ierbessen an d’Glieser dobäi ginn.
D’Mettwurschten an kléng Scheiwen schneiden an an d’Glieser dobäi ginn.
D’Amaachglieser zou maachen an bei Zëmmertemperatur stoen loossen bis een se ësst – et ass wichteg dass d’Glieser net kaal sinn fir dass d’Zopp net direkt ofkillt wann een se mat kachendem Waasser opschëtt.
Virum Iessen, all Amachglas mat kachendem Waasser opschëdden, den Deckel fest zoumaachen, rëselen an fir 3 Minutten stoen loosen fir ze infuséieren.
D’Zopp an eng Zoppeschossel schëdden oder direkt aus dem Glas iessen.
*Gudde Poulet’s Bouillon Pudder ass wichteg, well et den Goût vun der Zopp ausmécht. Ech benotzen gären den Bio Bouillon vun Natur Compagnie, deen schmaacht ganz natierlech.
**Ech benotzen Mini-Mettwurschten dee scho prett vir ze iessen an méi haart sinn – déi sinn méi einfach ze schneiden an et brauch een se net ze kachen.
TIPP: Déi fäerdeg Glieser bei Zëmmertemperatur stoen loossen bis zur Consommatioun, well een kaalt Glas wiert d’Zopp direkt ofkillen. Wann et e waarmen Dag ass, ass et unzeroden d’Ram net direkt dobäi ze ginn, well déi kënnt ëmgoen. Einfach se virum kachendem Waasser dobäi ginn.
Poulet's Zalot am Glas

Mécht 2 Glieser
Preparatioun : 30 Minutten + ofkillen loossen
100g Orzo Nuddelen
14 Kiischten Tomaten
4 gegrillten Poulet’s Strämpelen*
2 kleng Sucrine Zaloten
2 Iessläffelen frittéiert Bak Ierbessen
Fir den Ranch Dressing:
3 Iessläffelen Sauer Ram
2 Iessläffelen Mayonnaise
2 Iessläffelen Joghurt
1 Iessläffel Mëllech
½ Kaffisläffel Dijon Moschter
1 Iessläffel Bratzelen, gehaakt
¼ Kaffisläffel Knuewelek, gepresst
E puer Drëpsen Tabasco
Salz a Peffer
Fir d'éischt an engem Dëppen mat Salzwaasser d’Orzo Nuddelen fir 12-15 Minutten kachen bis dass se al dente sinn. Ofschëdden an op d’Säit stellen.
D’Kiischten Tomaten an zwee schneiden. D’Fleesch vun den Poulet’s Strämpelen erofschneiden an a Stécker schneiden. D’Zalot grob haken.
Fir den Dressing, all d’Ingredienten an enger Schossel vermëschen.
Den Dressing an zwee 500ml Amaachglieser verdeelen, d’Orzo Nuddelen, d’Tomaten, den Poulet an d’Zalot drop leen. Zum Schluss nach e puer Bak Ierbessen driwwer streeën.
D’Zalot am Glas an den Frigo stellen bis een se iessen well. D’Zalot an en déiwen Teller schëdden, mëschen esou dass den Dressing gläichméisseg verdeelt ass an genéissen.
*Déi kann een an bal all Supermarché bei der Traiteurs Théik kafen.