An dësem Episode preparéiert d’Anne Faber e puer super Platen, déi sech gutt afréiere loossen an déi een dann opwiermen kann, wann een keng Zäit huet.
Exotesch Courgetten Zopp mat Naan

Preparatioun: 35 Minutten – Fir 4 Persounen
1 Ënn
20g Botter
1 Knuewelekszéif
3 Courgetten
1 ½ Iessläffelen Curry Polver
200ml wäissen Wäin
700ml Poulets Bouillon
100g Sauerram + extra fir ze zerwéieren
100g gereechert Speckwierfelen
Fir den Knueweleks Naan:
2 Naan Brout
20g Botter
1 Knuewelekszéif
Péiterséileg, geschnidden
Salz a Peffer
Den Uewen op 180°C Ëmloft erhëtzen.
D’Ënn schielen an haken.
De Botter an engem Dëppen erhëtzen an d’Ënn mat e bësse Salz fir 4 Minutten ubroden bis dass se mëll ass.
An der Tëschenzäit, de Knuewelek schielen an pressen. D’Courgetten rappen.
No 4 Minutten, de Knuewelek an d’Dëppen dobäiginn a fir eng weider Minutt ubroden.
Déi gerappte Courgetten dobäi ginn a fir weider 2 Minutten ubroden, dann de Curry Polver dobäi ginn an eng weider Minutt ubroden.
Den Wäin dobäi ginn an opkache loossen.
Den Poulets Bouillon dobäi ginn an zum kachen bréngen. D’Dëppen zoudecken an d’Zopp fir 5 Minutten kache loossen.
An der Tëschenzäit d’Speckwierfelen an enger Pan ubrode bis dass se knausereg sinn, dann op e Kichepabeier leeën.
Den Naan op e Bakblech leeën an am firgehëtzten Uewen fir 5 Minutten baken.
No 5 Minutten, oder wann d’Courgetten bis mëll sinn, d’Dëppen vun der Kachplack huelen, d’Sauerram dobäi ginn an d’Zopp mat engem Handmixer puréieren. Mat Salz a Peffer wierzen.
Déi 20g Botter an der Pan vun de Speckwierfele schmëlzen. De Knuewele schielen an zerdrécken an am Botter fir eng Minutte ubroden. Den Naan mam Knuewelek's Botter besträichen an mat Péiterséileg bestreeën.
Zopp an 4 Schosselen verdeelen, an e Läffel Speckwierfelen an e Flapp Sauerram derbäiginn. Mat engem Naan zerwéieren.
TIPP: Amplaz den Naan am Uewen ze baken kann een en och toasten.
Butternut Kürbis mat Feta

Fir 4 Persounen
1 Butternut Kürbis
8 Knuewelekszéiwen
1 Pout Chilliflacken
1 Téiläffel Kanéil
Olivenueleg
400g Feta
e puer Romarins-Branchen
200g Crème Fraîche
Harissa oder Sriracha Zooss
Salz a Peffer
De Schäffchen op 200°C virhëtzen.
De Butternut Kürbis schielen (wann en jonk a frësch ass, kann een en och mat der Haut baken), halbéieren an d’Kären eraushuelen. A Scheiwe schneiden an op engem Bakblech verdeelen.
Mat Chilliflacken a Kanéil bestreeë. Mat engem gudde Schotz Olivenueleg beträufelen an dat Ganzt mat den Hänn vermëschen.
De Feta mat den Hänn zerbréckelen an iwwert den Kürbis streeën. D’Romarins-Branchen um Kürbis verdeelen. Dat Ganzt mat Salz a Peffer wierzen a 25Minutten am Schäffchen bake bis dass de Kürbis mëll ass.
Während där Zäit d’Crème fraîche mat e bëssen Harissa oder Sriracha Zooss vermëschen, a mat Salz wierzen.
De Kürbis mat der Zooss zerwéieren.
Poulets Tagine mat Quetschen

Preparatioun: 30 Minutten – Kachen: 1 Stonn – Fir 4 Persounen
3 Ënnen
3 Iessläffelen Oliven Ueleg
800g Poulets Schänkelchen, ouni Schanken an Haut
2 Knuewelekszéiwen
1 Kanéil Staang
1 Kaffisläffelen Kräitzkümmelkären
400ml Poulets Bouillon
Eng Pout Safran
2 Iessläffelen Hunneg
200g Quetschen
100g Mandelen
Salz a Peffer
320g Couscous
400ml kachend Waasser
20g Botter, a klenge Cuben
¼ Kaffisläffel Salz
D’Ënne schielen an a Scheiwe schneiden.
2 Iessläffelen Ueleg an engem groussen Dëppen erhëtzen an d’Ënnen mat e bësse Salz fir 8 Minutten ubroden, bis dass se mëll sinn.
An der Tëschenzäit, d’Poulets Strämpelen an dräi Stécker schneiden.
No 8 Minutten, de Knuewelek schielen an zerdrécken a bei d’Ënnen mat der Kanéil Staang a Kräitzkümmelkären ginn, an eng weider Minutte ubroden.
Alles aus dem Dëppen huelen an op d’Säit stellen.
Een Iessläffel Ueleg an d’Dëppen ginn an den Poulet ubroden.
D’Ënnen bei de Poulet an d’Dëppen zréckginn, de Poulets Bouillon a Safran dobäi ginn an opkachen. Zoudecken a bei niddereger Hëtzt fir 45 Minutten kächele loossen.
No 45 Minutten, den Deckel erofhuelen an den Hunneg mat der Zooss vermëschen. D’Quetschen an d’Mandelen dobäi ginn a fir weider 15 Minutten kachen, ouni Deckel esou dass d’Zooss akacht.
Virum dem zerwéieren, de Couscous, Botter an Salz an eng Schossel ginn. D’kachend Waasser iwwert de Couscous schëdden, vermëschen an d’Schossel mat engem Teller zoudecken. Fir 8 Minutten op d’Säit stellen, fir dass de Couscous opquellt.
De Poulet mat Couscous zerwéieren. Wann een et schaarf well, mat engem Flapp Harissa zerwéieren.