Dës Kéier dréit sech alles em séiss Saachen. D’Anne Faber mécht super einfach Blueberry Muffins, fir déi ee keng Wo brauch an eng indesch Mango Glace.
Blueberry Joghurt Muffin

Preparatioun: 20 Minutten - Schäffchen: 25 Minutten - Mécht 12 Muffins
2 Kokosnoss Joghurten (125ml Dëppercher)*
2 Eeër
1 Dëppchen Zocker (120g)
1 Dëppchen Maiskeim Ueleg (130ml)
1/2 Kaffisläffel Vanill Essenz
3 ½ Dëppercher Miel (300g)
1 Dëppchen Kokosnoss Raaspelen (45g)
2 Kaffisläffelen Bakpolver
Eng Pout Salz$
100g Blueberries
De Schäffchen op 180°C Ëmloft erhëtzen.
Déi zwee Joghurten an eng Schossel ginn. D´Joghurtsbecheren auswäschen an dréchenen fir se als Moossbecher ze benotzen.
D´Eeër an d´Schossel bei de Joghurt ginn, dann 1 Dëppchen Zocker, 1 Dëppchen Ueleg an d´Vanill Essenz dobäi ginn an alles gutt vermëschen.
An enger anerer Schossel 3 ½ Dëppercher Miel , 1 Dëppchen Kokosnoss Raaspelen, den Bakpolver an eng Pout Salz vermëschen.
Déi dréchen Ingredienten an déi naass Ingredienten zesummemëschen.
12 Lächer vun enger Muffinform afetten an all Lach mat engem Iessläffel Deeg afëllen. E puer Blueberries driwwer streeën, nach e bëssen Deeg driwwer ginn a mat puer Blueberries dekoréieren.
D´Muffinnen am firgehëtzte Schäffchen während 25 Minutten baken.
D´Muffinnen aus der Form huelen an op enger Hiertchen ofkillen loossen.
Am beschten sinn d’Muffins wann se de selwechten Dag giess ginn, mee se halen sech vir 2 Deeg an enger Kichelcherskescht.
* Ech benotzen de Joghurt vun Perle de Lait, deen ass immens cremech .
Mango Kulfi

Preparatioun: 30 Minutten + Iwwer d´Nuecht afréieren – Fir 8 Persounen
2 frësch Mangoen
1 Mango aus der Bécks (230g ofgeschoddent Gewiicht)
4 Kardamomkapselen
250ml Ram
1 Bécks séiss Kondensmëllech (305g)
1 Limette
Eng Mango schielen, d'Fleesch vum Steen schneiden an an e Mixer ginn.
D´Mango aus der Bécks ofschëdden an d’Fruchtfleesch an de Mixer ginn. D´Mangoen zu engem glaten Püree mixen.
D´Kardamomkapselen an engem Mörser opdrécken an den Som eraushuelen. D´Schuel ewechgeheien an de Som am Mörser zerdrécken.
D'Kondensmëllech an de Kardamom bei den Mango Püree ginn, a mixen.
An enger grousser Schossel d´Ram steif schloen. Ënnert de Mango Püree hiewen sou dass eng glat Crème entsteet.
D´Kulfi Crème an eng grouss Schossel oder an 8 Zerwéierglieser schëdden, ofdecken an iwwert d´Nuecht afréieren.
De Kulfi op d´mannst 10 Minutte virum Zerwéieren aus dem Tiefkühler huelen, esou dass en e bëssen entdeet an méi mell gëtt.
An der Tëschenzäit, déi zweet frësch Mango schielen, d'Fleesch vum Steen schneiden an a kleng Wierfel schneiden. An eng Schossel ginn an mat Limettensaaft beträufelen.
De Kulfi mat der frëscher Mango bestreeën an zerwéieren .
Stollen Trifle

Preparatioun: Fir 4 Trifelen
4 Tranche Stollen
2 Iessläffelen donkelen Rum
1 Dëppchen Joghurt (125g)
250g Sauer Ram
Eng Pout Kanéi
4 Iessläffelen Pudderzocker
4 Quetschen aus dem Glas
De Stollen zerkrümelen an op 4 Zerwéierglieser opdeelen.
An enger klenger Schossel, de Rum, 2 Iessläffele Waasser an een Iessläffel Pudderzocker vermëschen. Domat de Stollen an de Glieser beträufelen.
An enger Schossel de Joghurt, d´Sauer Ram, de Kanéil an de Rescht Pudderzocker gutt vermëschen.
D´Crème an all Glas iwwert de Stollen verdeelen.
D´Quetschen a Scheiwe schneiden an op d´Trifelen verdeelen.
Direkt zerwéieren oder an de Frigo stellen bis een prett ass fir den Dessert ze zerwéieren.