Kleng Häppercher fir bei den Aperitif einfach a séier preparéiert.
Mécht 30 Rullen
4 Wäinzoossissen*
230g Bliederdeeg
Moschter
1 Ee
e Schotz Mëllech
Sesamkären, fir ze dekoréieren
De Schäffchen op 200°C "Umluft" erhëtzen.
D’Wäinzoossisse de laange Wee opschneiden an d’Haut erofzéien.
De Bliederdeeg a 4 Sträife schneiden.
De Moschter op enger Sträif verdeelen, da mat enger Wäinzoossiss beleeën an oprullen. D’Ränner gutt uneneepressen fir dass se zesummenhalen.
D’Rull a mondgerecht Stécker schneiden.
D’Ee opklappen a mat engem Schotz Mëllech vermëschen.
All Zoossissrull mat Ee besträichen a mat Sesamkären dekoréieren.
Mat de reschtlechen Zoossissen widderhuelen.
D’Zoossissrullen eng 15-20 Minutten am Schäffche baken, bis se schéi brong sinn. Waarm oder kal zerwéieren.
*dir kennt och Lëtzebuerger Grillwurscht, Mettwurscht oder eng aner Zort Zoossiss benotzen
Tipp: Dir kënnt déi gebaken Zoossissrullen afréieren a virum Zerwéieren am Schäffche wiermen.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?
Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.
Schreift dem Anne är Propositioun