Vietnamesesch Rulle sinn e perfekt Rezept fir de Summer
Pro Rull
10g Räis Vermicelli Nuddelen
1 Blat Laitue
e bëssi gerappte Kornischong
e bëssi gerappte Wuerzel
3 gekachte Krevetten
e puer Menthe-Blieder
e puer Koriander-Blieder
1 Vietnamesesche Räispabeier
Fir de Cacahouetten-Dip:
1 Iessläffel Cacahouette-Botter
2 Kaffisläffel Sojaszooss
1 Kaffisläffel Ingwerpaste
¼ Knuewelekszéif, zerdréckt
Limettejus
Waasser
D’Räis Vermicelli Nuddelen an eng Schossel ginn a mat kachendem Waasser beschëdden. Eng 4 Minutten zéie loossen, a se dann ofschëdden a mat kalem Waasser ofschrecken.
Eng grouss Schossel mat wotlechem Waasser fëllen. E Räispabeier an d’Waasser zappen an op d’Aarbechtsplack leeën.
E Laitues-Blat huelen a mat Nuddelen, Kornischong a Wuerzel beleeën. Oprullen a mat der Nout no ënnen op eng Säit vum Räispabeier leeën – dobäi e Bord vu 4cm loossen.
Dräi Krevetten an e puer Kraider-Blieder parallel zu der Zalote-Rull op de Räispabeier leeën, an e bessi Platz dertëscht loosen.
Den Räispabeier oprullen: den Räispabeier fest iwwert d’Zaloten-Rull zéien, an d’Rull fest rullen. D’Säiten vum Räispabeier aklappen a mam rulle weiderfueren – dobäi d’Zalote-Rull fest iwwert d’Krevette rullen an oprulle bis de ganze Räispabeier opgerullt ass.
Fir den Dip all d’Ingredienten vermëschen, mat Limettejus ofschmaachen a genuch Waasser derbäi ginn fir e leefegen Dip ze kréien.
D’Zalote-Rullen mat dem Dip zerwéieren.

Alternativ Fëllungen:
Avocado
Surimi
Gereecherten Tofu
Poulet
Wat soll d'Anne als nächst kachen?
Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.
Schreift dem Anne är Propositioun