Ideal fir beim Aperitif ze zerwéieren.
Mécht 1 Taart fir 4 Leit
275g Bliederdeeg
1 Porrett
2 rout Ënnen
150g Speckscheiwen
10g Botter
2 Téiläffele Wanseler Kraidermix oder Herbes de Provence
1 Ee
100g Feta
Salz a Peffer
De Schäffchen op 200°C "Oben- Unterhitze" virhëtzen.
D’Porrett uewen, do wou dat Donkelgréngt ufänkt, an ënnen iwwert de Wuerzelen ofschneiden. De laange Wee an zwee schneiden, dann a Scheiwe schneiden. An en Seibecke ginn an gutt wäschen.
D’Ënne schielen an a Scheiwe schneiden.
De Speck an 1cm Sträife schneiden an an enger Pan ubroden bis se ufänke brong ze ginn. Op e Stéck Kichepabeier ginn, d’Fett an der Pan loossen.
De Botter an d’Pan ginn an d’Ënnen 3 Minutte laang ubroden. Dann d’Poretten an d’Kraider derbäiginn an eng weider 3 Minutten ubroden bis d’Porette mëll sinn. An eng Schossel ginn an de Speck derbäiginn, mat e bëssi Peffer wierzen a vermëschen.
De Bliederdeeg op engem Bakblech ausrullen. E Rand vun 1cm ronderëm aritzen.
D’Ee opklappen an de Rand domat apinselen. De Rescht Ee bei d’Ënne ginn a vermëschen.
D’Ënnemëschung op dem Deeg verdeelen, de Feta driwwer zergrimmelen.
D’Taart um Fong vum Schäffche fir 25 Minutte baken.
Mat enger grénger Zalot zerwéieren.
Tipp: Et kann een de Feta mat Geessekéis oder Brie ersetzen.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?
Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.