Ideal fir beim Aperitif ze zerwéieren.
Mécht 1 Portioun fir 6 Leit
200g jonk Spinatblieder*
20g Botter
1 Knuewelekszéif
1 Bécks Artichautshäerzer (240g ofgeschott)
70g Sauerram
70g Mayonnaise
50g Cheddar, gerappt
80g Pizza Mozzarella, gerappt
25g Parmesan, gerappt
e bëssi Muskot
Salz a Peffer
De Schäffchen op 180°C virhëtzen.
D’Spinatblieder wäschen an dann d’Halschecht an enger ongeuelechter Pan kache bis d’Blieder zerfall sinn an d’Flëssegkeet verkacht ass. An eng grouss Schossel ginn a mat de reschtleche Blieder weidermaachen. Wann de Spinat bis e bëssi ofgekillt ass, grob haken.
De Botter an der Pan schmëlzen, d’Knuewelekszéif schielen an zerdrécken a kuerz am Botter ubroden. De Knuewleckbotter iwwert de Spinat schëdden.
D’Artichautshäerzer ofschëdden a kleng haken. Bei de Spinat ginn. Dann d’Sauerram, Mayonnaise, Cheddar, Mozzarella a Parmesan derbäiginn. Mat e bëssi Muskot, Salz a Peffer wierzen an dat Ganzt gutt vermëschen.
Alles an eng kleng Bakform ginn an 30 Minutte bake bis den Dip schéi Gratinéiert ass.
Mat Tortilla Chips zerwéieren.
*Dir kennt och gefruere Spinatblieder huelen. A kachend Salzwaasser ginn, e puer Minutte kachen an dann de Spinat mat kalem Waasser ofkillen, a souvill wéi méiglech Flëssegkeet wei méiglech rauspressen.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?
Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.