Thailännesch Atmosphär an ärem Gaart.

Fir 4 Broschetten - eng Nuecht marinéieren

800g Poulets Cuissen ouni Schank
1 kleng Ënn
2 Knuewelekszéiwen
2 Kaffisläffel Kurkuma
3 Iessläffel Thai Fëschzooss
1 ½ Iessläffel Limettejus
½ Kaffisläffel wäisse Peffer
½ Kaffisläffel Chiliflacken
40 Kaffir Lime Blieder*

De Poulet a mondgerecht Stécker vun ongeféier 4cm schneiden an an eng Schossel ginn.
 
D’Ënn schielen an reng hacken. De Knuewelek schielen a pressen. Béides bei de Poulet ginn, da mat der Fëschzoos, dem Kurkuma, Limettejus, Peffer an Chiliflacken vermëschen. Zoudecken an iwwert d'Nuecht am Frigo marinéiere loossen.
 
Den nächsten Dag de Grill erhëtzen.
 
4 Broschetten erausleeën a mat enger ufänken andeems een e Kaffir Lime Blat opspiisst. Dann e Stéck Poulet opspiissen a mat engem Kaffir Lime Blat weiderfueren. Widderhuele bis een 8 Stécker Poulet op der Broschett huet.
 
D’Broschetten op de Grill leeën a 25 Minutten op direkter Hëtzt grillen, dobäi d’Broschetten vun Zäit zu Zäit dréien.
 
Mat enger Zalot zerwéieren.
 
*dir fannt gefruere Kaffir Lime Blieder am Tiefkühl vun de meeschten Asia Shops. Dir kennt d’Blieder problemlos entdeeën an och rëm afréieren. Kaaft keng gedréchent Kaffir Lime Blieder, well déi bal kee Goût hunn.

Lychee Kaffir Cocktail

200ml Wodka
5 Kaffir Lime Blieder
 
Fir 1 Cocktail:
30ml Kaffir Lime Vodka
80ml Lychee Jus
20ml Limette Jus
2 Äiswierfel

Fir ze dékoreieren:
1 Lychee
1 Kaffir Lime Blat
 
Fänkt een Dag un éier dir de Cocktail maache wëllt. Schëtt de Wodka an e Gebeessglas a gitt d’Kaffir Lime Blieder derbäi. Schrauft den Deckel zou a loosst de Wodka iwwert Nuecht zéien.
 
Den nächsten Dag d’Blieder aus dem Wodka huelen. De Wodka hält sech lo sou eng Éiwegkeet.
 
Al d’Ingrediente fir ee Cocktail an e Shaker ginn a gutt rëselen. An e Cocktail Glas schëdden a mat enger Lychee an engem Kaffir Lime Blat dekoréieren.