Vietnameesch Kichen, ee Fest fir d'Sënner!

Fir 2 Persounen

Fir d’Fleesch:
200g Faux-Filet de Boeuf
1 kleng Schallott
2 Knuewelekszéiwen
1 Zitrounegrasstängel
1 Iessläffel Thai Fëschzooss
½ Kaffisläffel brongen Zocker
Peffer
 
100g Vermicelli Nuddelen
100g Kornischong
1 Wuerzel
4 Laitues Blieder
 
2 Iessläffel Koriander
2 Iessläffel Menthe
2 Iessläffel Thai Basilic (optional)
2 Iessläffel Cacahouetten
2 Iessläffel knuspreg Ënnen
 
Fir d’Vinaigrette:
4 Iessläffel Thai Fëschzooss
6 Kaffisläffel brongen Zocker
1 Knuewelekszéif
2 Iessläffel Limettejus
100ml Poulets Bouillon
1 frësch rout Chilli
 
 
Mam Fleesch ufänken: de Faux-Filet an dënn Sträife schneiden an an eng Schossel ginn.
 
D’Schallott schielen a reng hacken. De Knuewelek schielen an zerdrécken. Den Zitrounegrasstängel reng hacken.
 
Zitrounegras an den Zocker an e "Mörser" ginn an zerstampfen. D’Schallotten an de Knuewelek derbäi ginn a weider zerstampfen. D’Fëschzooss an de Peffer ënnermëschen an dat Ganzt iwwert d’Fleesch schëdden an d’Fleesch gutt domat areiwen. Zoudecken a fir 1 Stonn am Frigo marinéieren loossen.
 
Wärend där Zäit d’Vermicelli an eng Schossel ginn a mat kachendem Waasser bedecken. 7 Minutten zéie loossen, dann ofschëdden an op d’Säit stellen.
 
D’Kornischong schielen, längslech opschneiden an d’Kären erauskrazen. An dënn Sträife schneiden. D’Wuerzel schielen an an dënn Sträife schneiden. D’Blieder vun der Menthe, dem Koriander an dem Thai Basilic vun de Stängel picken.
 
Fir d’Vinaigrette: d’Fëschzooss an den Zocker an eng kleng Schossel ginn. De Knuewelek schielen a pressen a mat dem Limettejus an dem Poulets Bouillon an d’Schossel ginn. D’Chilli opschneiden, d’Kären rauskrazen a reng hacken a bei d’Vinaigrette ginn.
 
No 1 Stonn en Iessläffel Sonneblummenueleg an engem Wok erhëtzen an d’Fleesch bei staarker Hëtzt e puer Minutten ubroden, bis et brong ass.
 
2/3 vun der Vinaigrette an zwou Zerveierschossele schëdden. Jeeweils d’Halschecht vun de Vermicelli drop leeën, da mat dem Fleesch, Kornischong an de Wuerzele beleeën. Jeeweils 2 Zaloteblieder dobäi leeën, dann mat de Kraider, Cacahouetten a knuspregen Ënnen dekoréieren. Dei reschtlech Vinaigrette driwwerschëdden an zerwéieren.