Een einfacht orientalescht Rezept.

Mécht 12 Köfte fir 4 Persounen

25g Piniekären
½ Téiläffel Kräizkümmelkären
1 Ënn
1 Knuewelekszéif
250g Hämmelsfleesch, gehackt
250g Rëndsfleesch, gehackt
1 Téiläffel Kräizkümmelpudder
½ Téiläffel Kanéil
½ Téiläffel Korianderpudder
eng Pouz Chilli Flacken
2 Iessläffel platte Péiterséileg, gehackt
2 Iessläffel Menthe, gehackt
½ Téiläffel Salz
Peffer
 
Fir d’Tahini Zooss:
110g Tahini
1 Iessläffel Zitrounejus
75ml Waasser
1 kleng Knuewelekszéif
Salz a Peffer
 
Granatapelkären, fir ze zerwéieren
 
Fir d’Israelesch Zalot:
½ Kornischong
200g Kiischtentomaten
½ rout Ënn
20g platten Péiterséileg
e bëssen Zitrounejus
e bëssen Olivenueleg
Salz a Peffer

D’Pinien an d’Kräizkümmelkäre kuerz an enger Pan réischteren. An eng grouss Schossel ginn.
 
D’Ënn schielen a reng hacken, de Knuewelek schielen a pressen a bei d’Pinien an d’Schossel ginn. D’Gehacktes an all déi aner Ingredienten fir d’Köfte derbäi ginn a gutt mat den Hänn vermëschen.
 
D’Fleesch mat den Hänn an 12 Köfte formen an op en Teller leeën. Fir eng hallef Stonn an de Frigo stellen.
 
Wärend där Zäit d’Tahini Zooss an d’Zalot preparéieren. All d’Ingredienten fir d’Tahini Zooss an enger Schossel vermëschen a mat Salz a Peffer wierzen.
 
D’Kornischong an d’Tomaten a kleng Stécker schneiden an an eng Schossel ginn. D’Ënn an de Péiterséileg reng hacken a mat e bëssen Zitrounejus, Olivenueleg, Salz a Peffer ënnermëschen.
 
Fir d’Köfte ze kachen: e bëssen Olivenueleg an enger Pan erhëtzen an d’Köfte wärend 12 Minutten op alle Säite gutt ubrode bis se duerch sinn.
 
E bëssen Tahini Zooss op en Zerwéierteller sträichen, d’Köfte drop leeën a mat Granatapelkäre bestreeën. Mat der Zalot zerwéieren.