Dem Anne seng kulinaresch Rees féiert eis an Israel

Fir 1 Schossel fir 4 Leit

200g Kicheriebsen, ofgedrëpst
¼ Téiläffel Salz
1 kleng Knuewelekszéif
125g Tahini
3 Iessläffel Zitrounejus
75ml äiskaalt Waasser
 
Fir d’Aubergine:
1 Aubergine
3 Iessläffel Olivenueleg
¼ Téiläffel Kräizkümmelkären
1 Téiläffel Kräizkümmel, gemuel
1 Téiläffel gereecherten Paprikapolver
10g Piniekären
eng Handvoll Koriander, gehackt
eng Handvoll Granatapelkären
 
Mat der Aubergine ufänken: de Schäffchen op 200°C "Umluft" erhëtzen.
 
D’Aubergine an 1cm grouss Stécker schneiden. Op e Bakblech leeën a mam Olivenueleg, Kräizkümmelkären, Kräizkümmel a Paprikapolver vermëschen a gutt salzen.
 
Am Schäffchen fir 20-25 Minutten baken bis se mëll sinn, an eng Kéier wärend der Cuisson kuerz ëmréieren.
 
Fir den Hummus: d’Kicheriebsen mam Salz an e Mixer ginn. De Knuewelek schielen a pressen a bei d’Kicheriebsen ginn. An eng Paste mixen.

Den Tahini, den Zitrounejus an dat kaalt Waasser* derbäi ginn an fir e puer Minutte mixen. Eventuell mat Zitrounejus a Salz nowierzen.
 
Den Hummus an eng Schossel ginn an eng Verdéiwung an der Mëtt andrécken. Di gebaken Auberginnenstécker driwwerstreeën.
 
D’Piniekären an enger Pan réischteren an mat dem Koriander an de Granatapelkären iwwert d’Aubergine streeën.
 
Mat Pita Brout oder Crackers zerwéieren.
 
*d’Quantitéit u Waasser hänkt dovun of wei leefeg den Tahini ass. Eventuell brauch een méi fir en cremegen Hummus ze kréien – ajustéiert et also no Wonsch.