"Pastel de nata", eng typesch Pâtisserie aus der Portugisescher Kichen

Mécht fir 10 Stéck

Fir de Pudding:
2 Iessläffel Miel
1 Téiläffel Maizena
eng Pouz Kanéil
250ml Vollmëllech
20g Botter
2 Eegiel
 
Fir den Zockersirop: 

110g Zocker

35ml Waasser
 
5 Téiläffel Nutella
230g Bliederdeeg

3 Iessläffel Pudderzocker
 
Fir ze zerwéieren:

Pudderzocker

Kanéil

Den Uewen mat engem Bakblech dran op 220°C Ëmloft erhëtzen.
 
De Bliederdeeg ausrullen an 3 Iessläffele Pudderzocker iwwert de ganzen Deeg streeën. De Bliederdeeg zesummerullen an an 10 Scheiwe schneiden.
D’Bliederdeegscheiwen den ëmgedréinte Wee hileeën, sou dass d’Spiral no uewen kuckt. Zu enger Scheif ausrullen déi grouss genuch ass dass se an d’Muffinform passt.
 
10 Lächer vun enger Muffinform afetten. Déi 10 Scheiwen Bliederdeeg an d’Muffinform leeën a mat enger Forschett op den Bueden vum Deeg picken. An de Frigo stellen wärend de Pudding gemaach gëtt.
 
Fir den Zocker-Sirop: Den Zocker an d’Waasser an eng kleng Kasserolle ginn an zum kache bréngen. 5 Minutte kache bis ee liicht bronge Karamell entsteet.
 
Wärend där Zäit de Botter an enger zweeter Kasserolle schmëlzen. D’Miel Maizena an eng Pouz Kanéil derbäi ginn, da lues d’Mëllech derbäi schëdden – dobäi gutt réieren. Op niddreger Hëtzt kache bis et andéckst.
 
Soubal de Karamell gutt ass en bei d’gedécksten Mëllech schëdden an dobäi gutt réieren. Vun der Kachplack huelen an 10 Minutten ofkille loossen.
 
Di zwee Eegiel bei de Pudding ginn a kräfteg réieren. De Pudding an e Krou schëdden.
 
D’Muffinform aus dem Frigo huelen an op all Deeg een hallwe Läffel Nutella ginn. De Pudding driwwerschëdden an d’Muffinsform op dat waarmt Bakblech am Schäffchen stellen. 12 Minutte baken bis se ufänke gutt brong ze ginn.
 
D’Paschtéit aus der Muffinform huelen an op enger Hiertchen ofkille loossen.
Wa se kal sinn, e bëssi Pudderzocker mat e bëssi Kanéil vermëschen an d’Paschtéite domat bestreeën.
 
D’Paschtéite sinn am Beschten den Dag wou se gebak ginn.